Vum 22. Mäerz bis de 16. Abrëll: CR168 Esch-Bieles gespaart
RTL - 19.03.2010, 15:03 | Fir d'lescht aktualiséiert: 19.03.2010, 15:16
Et dierft net nëmmen d'Frontalieren interesséieren: Vum 22. Mäerz bis de 16. Abrëll ass den CR168 Esch-Bieles laangscht d'Grenz wéinst Aarbechte gespaart.

Deen Tronçon vum CR168 laangscht déi franséisch-lëtzebuergesch Grenz gëtt tëscht Esch/Uelzecht a Bieles nei gemaach.
Eng Ëmleedung gëtt awer vun de Ponts & Chaussées ausgeschëldert: Si hëlt d'Nationalstrooss 31 vum Rond-Point «Belvaux-Mairie» bis bei de Rond-Point «Viaduc (um Däich)» a verleeft duerch déi 3 weider Rond-Pointen «Raemerich», «Charles de Gaulle» an «an der Schmelz».

