Méi héich Strofe fir Verursaacher vun Zuchaccidenter konform
RTL - 19.03.2010, 15:37 | Fir d'lescht aktualiséiert: 19.03.2010, 17:41 | 9 Commentaire(n)
Zoufftgen: Verursaacher vun Zuchaccidenter kënne bei Homicide involontaire méi haart bestrooft gi wéi aner Leit - dat ass konform zur Constitutioun.

Déi Decisioun huet d'Verfassungsgeriicht am Freidegnomëtte bekannt ginn.
Den Affekot vun engem Condamnéierten am Prozess ronderëm d’Zuchaccident zu Zoufftgen hat déi Fro am Appel opgeworf; doropshin hat d’Cour d’appel d’Verfassungsgeriicht domat befaasst.
Et bleift deemno bei verschiddene Längte vu Strofe fir Verursaacher vun Zuchaccidenter (den Artikel bezitt sech net just op Eisebunner) a fir déi aner Leit bei engem onfräiwëllegen Doudschlag.
Den Appelprozess dierft am Hierscht virugoen.
Hei de genee Wuertlaut vum Artikel 422:
Art. 422. Lorsqu'un convoi de chemin de fer aura éprouvé un accident de nature à mettre en péril les personnes qui s'y trouvaient, celui qui en aura été involontairement la cause sera puni d'un emprisonnement de huit jours à deux mois et d'une amende de 251 euros à 2.000 euros, ou d'une de ces peines seulement.
S'il est résulté de l'accident des lésions corporelles, le coupable sera puni d'un emprisonnement d'un mois à trois ans et d'une amende de 500 euros à 3.000 euros.
Si l'accident a causé la mort d'une personne, l'emprisonnement sera de six mois à cinq ans et l'amende de 500 euros à 6.000 euros


Äre Commentaire