Biergerinitiativ géint Projet Football-Stadion plus Outlet
RTL - 22.03.2010, 07:00 | Fir d'lescht aktualiséiert: 11.04.2010, 22:42 | 52 Commentaire(n)
Info-Blat vun der Biergerinitiativ fir eng sënnvoll Entwécklung am Réiserbann: kloer géint de Projet Football-Stadion mat Outlet-Zenter zu Léiweng

D'Biergerinitiativ fir eng sënnvoll Entwécklung am Réiserbann verdeelt dëser Deeg een Info-Blat un d'Stéit am Réiserbann. Dora schwätzt sech d'Initiativ kloer géint de Projet vum Football-Stadion an Outlet-Zenter aus.
Ähnlech Projeten op där Plaz wieren schonn an den 90er-Joeren vun 2 Ministeren verworf ginn, sou de President vun der Biergerinitiativ, den Guy Conrady.
|
De Site "Am Weiher" zu Léiweng ass net dee richtege fir de Projet vun engem Outlet-Zenter an engem Football-Stadion, dorop mécht d' "Biergerinitiativ fir eng sënnvoll Entwécklung am Réiserbann" opmierksam a stäipt sech op Arrêtéë vu verschiddene Ministeren, déi an de 90er-Joere publizéiert goufen.
Gréngzon mat Iwwerschwemmungen
An hirem Info-Blat zitéiert d'Biergerinitiativ déi ministeriell Texter a weist och Fotoe vum iwwerschwemmte Site, fir géint de Projet zu Léiweng z'argumentéieren.
An den Arrêtéë vun de Ministere Spautz an Bodry stéing klipp a kloer dran, datt d'Zon "Am Weyer" eng Grengzone ass, sou den Guy Conrady, President vun der Biergerinitiativ.
Iwwerschwemmungen gëtt et an där Zon ganz regelméisseg, sou de Guy Conrady – am Infoblaat si rezent Fotoen, déi dat beweise sollen. "De Problème verschärft sech, wëll ronderëm och schonns vill Terrain versigelt gouf."
Schützen a sech wieren
D'Landschaft an där Géigend misst geschützt ginn, sou den Guy Conrady, deen op dat verweist, wat schonns alles do gebaut ginn ass.
D'Biergerinitiativ fir eng sënnvoll Enwécklung am Réiserbann huet wëlles, all rechtlech Weeër auszenotzen, fir géint de Projet Léiweng virzegoen.
| VIDEO: De Reportage op RTL Télé Lëtzebuerg |


Äre Commentaire