Am Virfeld vum Weltwaasserdag: 18 nei Drëpsi-Gemengen

RTL - 19.03.2010, 18:45 | Fir d'lescht aktualiséiert: 19.03.2010, 19:08 | 7 Commentaire(n)

Virum Weltwaasserdag, deen de Méindeg ass, kruten e Freideg 18 Gemengen am Inneministère den Drëpsi-Label fir hir Beméiungen fir proppert Drénkwaasser.

Déi nei Drëpsi-Gemengen heeschen: Colmar-Bierg, Consdorf, Dippech, Duelem, Iechternach, Ierpeldeng, Heischent, Housen, Mäertert, Préizerdaul, Rammerech, Schëtter, Tandel, Tënten, Veianen, Viichten, Wanseler a Wäiswampech.

Domat hunn elo 97 Gemengen den Drëpsi-Label, just 4 Gemengen hunn nach keen Dossier lafen, fir och an de Genoss vun där Auszeechnung ze kommen.

Gutt Qualitéit

Allgemeng ass d'Waasser vum Krunn iwwerall am Land fir ze drénken.

Je no Géigend vum Land, muss d'Waasser aus der Quell awer natierlech méi oder manner gefiltert, also gebotzt ginn, fir datt et als Drénkwaasser genotzt ka ginn.



E Problem dobäi sinn d'Nitraten an d'Pestiziden. Wou ee vläit manner drunn denkt, dat sinn d'Reschter vu Medikamenter, déi de Mënsch ausscheet. Dat ass ee Problem, dee wëssenschaftlech nach net genee analyséiert ass, mee op deen ee gutt oppasse muss, sou den Inneminister Jean-Marie Halsdorf.

 Den Inneminister Jean-Marie Halsdorf »



Ganz dacks héiert ee jo, datt gefuerdert gëtt, fir d'Quellegebidder als protegéiert Zonen ze klasséieren.

Vun engem techneschen Point de vue hir missten déi éischt Schutzzonen am Verlaf vum nächste Joer kënnen ageriicht ginn, sou den Direkter vum Waasserwirtschaftsamt, den André Weidenhaupt.



Äre Commentaire


D'Commentairer gi gelueden, ee Moment w.e.g.!