Staat: 16 Milliounen Euro manner Steieren an 2 éischte Méint

RTL - 19.03.2010, 19:09 | Fir d'lescht aktualiséiert: 19.03.2010, 19:15 | 24 Commentaire(n)

Staatsbudget: Déi éischt zwee Méint vun dësem Joer huet de Staat 16 Milliounen Euro manner Steieren era kritt wéi dat am Januar-Februar 2009 de Fall war.

Besonnesch bei der TVA ass et ee Réckgang ëm 3 Prozent oder
12 Milliounen Euro a wann een do nach den elektroneschen Handel eraus hëlt, dann ass et esouguer ee Minus vun 20 Prozent.

An dobäi ass elo nach net un der Kafkraaft vun de Leit gefréckelt ginn.

De Finanzminister Luc Frieden huet den zoustännege Chamber-Kommissiounen déi Chiffren um Freidegnomëtteg presentéiert an duerno nachemol kloer gesot, dass muss gespuert ginn.

 De Luc Frieden »



Et géif keng Alternative zum Spueren, mä et misst ee gescheit spueren.

Wéi dat gescheit spueren ausgesäit gesi mer da wahrscheinlech eréischt no der Tripartite ...

Äre Commentaire


D'Commentairer gi gelueden, ee Moment w.e.g.!