Regierungsrot: 8.438 Wunnengen a Proffestage moderniséiert

RTL - 19.03.2010, 19:20 | Fir d'lescht aktualiséiert: 19.03.2010, 19:41 | 5 Commentaire(n)

Regierungsrot: Antidrogeplang fir d'Joeren 2010 bis 2014 ugeholl an an der Formatioun vun de Proffen den Ufank vum Stage ëm een Trimester verréckelt.

Soziale Wunnengsbau an d'Formatioun vun de Lycéesproffen, dat waren déi zwee Haaptthemen, mat deene sech de Regierungsrot um Freideg beschäftegt huet. E war ënnert der Presidence vum Premier Jean-Claude Juncker zesummekomm. D'Formatioun vun de Proffe soll, aus enger ganzer Rei vu Grënn, reforméiert ginn.

Proffe-Stage: Gréisser Verännerungen

Déi ablacklech Form vum Stage ass nämlech net méi adaptéiert, well et ëmmer méi Schüler an de Klassen an ëmmer méi Stagiäre gëtt. An d'Regierung wëll déi zukünfteg Proffen am Stage entlaaschten. Do war den Aarbechtsopwand bis ewell relativ grouss. Dowéinst ginn d'Coursen zu Walfer ëm 100 Unitéiten gekierzt.

De Projet vun engem Règlement grand-ducal, deen ugeholl gouf, gesäit vir, datt den Ufank vum Stage ëm een Trimester verréckelt gëtt. Dee fänkt also net méi den 1. Januar, mä réischt den 1. Abrëll un. Dat soll de Stagiairen d'Méiglechkeet ginn, fir hir Klasse bis d'Enn vum Schouljoer ze halen an hir Schüler fir de Stage besser ze kennen. Den Examen ass dann um Enn vum zweeten Trimester.

Déi jonk Proffe ginn nëmmen nach vun zwee Tuteuren während 3 Trimestere betreit. An der éischter Period vun der Formatioun fält den Tutorat ganz ewech.

D'Reorganisatioun vum Stage huet och Repercussiounen op d'Organisatioun vum Concours. Et ginn zwar och an Zukunft zwou Sessiounen organiséiert, ma tëscht dem 1. November an dem 15. Mäerz ass nëmmen nach een Test. Donieft kritt all Kandidat, deen en Diplom vun enger Lëtzebuerger Première, Treizième oder en Technikerdiplom huet, eng Dispense am Lëtzebuergesch. Dispensen fir en zweet Fach gi méi einfach gemaach.

Soziale Wunnengsbau: 491 Milliounen Euro

Dann hunn d'Ministeren den 9. Programm fir soziale Wunnengsbau ugeholl. An deem Programm ginn alleguerten d'Bauprojeten opgezielt, déi de Staat an Zesummenaarbecht mat de verschiddenen ëffentlechen an net ëffentleche Promoteuren plangt.

De ganze Programm besteet aus 8.438 Wunnengen. De Staat investéiert am ganzen 491 Milliounen Euro. All neie Projet dee vum Staat subventionéiert gëtt, muss iwwregens an Zukunft en Energiepass mat der Norm B kréien, also en Niddregenergiehaus sinn.

Dernieft huet de Regierungsrot och den Antidrogeplang fir d'Joeren 2010 bis 2014 ugeholl. Et gouf ee Projet de loi ugeholl, mat deem Racismus, Xenophobie an Negationnismus méi streng bestrooft solle ginn, an zwar mat maximal 2 Joer Prisong.

An d'Ministeren hunn den nächsten Rendez-Vous vun der Tripartite preparéiert. Déi kënnt jo nees e Mëttwoch zesummen.

Äre Commentaire


D'Commentairer gi gelueden, ee Moment w.e.g.!