"Ee Lycée fir de Clierfer Kanton" widderhëlt Fuerderung
RTL - 19.03.2010, 22:13 | Fir d'lescht aktualiséiert: 20.03.2010, 09:26 | 1 Commentaire(n)
D'Initiativ "Ee Lycée fir de Clierfer Kanton" insistéiert nach eemol, dass dee geplantene Lycée zu Clierf gebaut muss ginn.

Dee Projet dierft net ënner de Finanzéierungsvirbehalt falen, schreift d'Initativ an engem Communiqué.
De Bau vum Clierfer Lycée (LCL) géif sech förmlech opdrängen. Déi maximal Kapacitéit an de Lycéeën vum Pôle Nord wär nämlech geschwënn erreecht.
Den Ament sinn do schonn iwwer 9.000 Schüler a Schülerinnen ageschriwwen, hat d'Educatiounsministesch Mady Delvaux-Stehres um Donneschdeg matgedeelt.
En Dënschdeg hat den Nohaltegkeets-Minister Claude Wiseler an der Chamber op eng mëndlech Ufro vum Deputéierten André Bauler, deen och an der Initiativ aktiv ass, matgedeelt, datt d'Planunge fir de Clierfer Lycée weiderlafen, mee datt awer nach mam Bau ofgewaart muss ginn, bis déi finanziell Méijoeres-Planung ofgeschloss ass.
D'Initiativ "Ee Lycée fir de Clierfer Kanton" insistéiert, datt alles ënnerholl misst ginn, fir datt dës Schoul endlech verwierklecht ka ginn an datt si net ënner Finanzéierungsvirbehalt fält.
D'Zuele géifen zanter Joren eng eendäiteg Sprooch schwätzen. D'Initiativ hofft dann och, datt d'Regierung de Bau vum LCL bis spéitstens 2015 ofgeschloss huet.


Äre Commentaire