Scheedungen: Ronn 50 Prozent vun de Koppele si betraff

RTL - 21.03.2010, 12:31 | Fir d'lescht aktualiséiert: 21.03.2010, 13:18 | 3 Commentaire(n)

Vun 2.000 Koppelen, déi sech bestueden, geet Halschent am Laf vun der Zäit getrennte Weeër duerch Scheedung, wann op eemol keng Léift méi do ass.

L'amour rend aveugle ... mais le mariage ouvre les yeux!

Déi Proportioun ass an de leschten 10 Joer konstant bliwwen. An der Belsch, a Finnland a Schweden ginn iwwerdeems scho méi wéi d'Halschent vun de Koppelen, gescheet.

Iwwer déi lescht 30 Joer zeréckgekuckt, sinn d'Scheedungen an de westleche Länner allgemeng an der Hausse. Déi Donnéeën hat de Ceps-Instead am Januar publizéiert.

De Phänomene vun der Hausse vun de Scheedungen ass duerch ee Wiessel vun de Mentalitéite bedéngt, mä donieft spillt och ee Changement vun de sozio-economesche Konditiounen eng Roll, erkläert de Psychiater Paul Rauchs. Well datt och Léift zu engem Mariage géng gehélieren, dat hätt sech eréischt an der Mëtt vum 20. Joerhonnert duerchgesat. Virdru wieren et éischter Mariages de raison gewiescht. Mee haut: Wann d'Léift net méi do wier, géng ee sech ebe scheede loossen ...

Hie wär sech awer net sécher, op d'Bestietnisser hautdesdaags wierklech méi kuerz sinn. Schliesslech wier d'Bestiednes zu enger Zäit erfonnt ginn, wou d'Liewenserwaardung vläit 40 Joer oder esou war. "Zesummen al ginn, dat war éischter d'Ausnahm."

Aus senger Siicht eraus, sou den Dokter Paul Rauchs, géifen och haut nach dacks materiell Iwwerleeunge Koppele kënschtlech zesummen halen. Dobäi wier et awer besser, wann déi Koppelen de Courage hätten, fir den Echec festzestellen, an de Wee fir een neien Ufank fräi ze maachen.

Eng kloer Trennung wier deen Ament och besser fir d'Kanner, wéi hinnen d'Bild ze liwwere vun Elteren, déi sech zerfleeschen. Scheedungen also als Enn vun enger Kris.

Déi vill Divorcë gesäit den Dokter als Symptom vun der Kris vun der Gesellschaft. An eng Kris wier och ëmmer ee "sech a Fro Stellen", wéi et weider goe soll ...

Äre Commentaire


D'Commentairer gi gelueden, ee Moment w.e.g.!