Wahlen am ëffentlechen Déngscht: 40.000 Leit opgeruff

RTL - 20.03.2010, 08:11 | Fir d'lescht aktualiséiert: 20.03.2010, 08:20

Um Samschdeg fänken d'Wahle vun de Berufschambren am ëffentlechen Déngscht un. 10 Deeg laang kënnen d'Leit aus der Fonction publique wielen.

Opgeruff si ronn 40.000 aktiv Mataarbechter a Pensionéierter aus dem ëffentlechen Dëngscht.

Bei de leschte Wahle vun hire Representante viru 5 Joer krut d'Staatsbeamtegewerkschaft CGFP 24 vun de 27 Sëtz.