Fokker-Crash viru Geriichtshaff fir Mënscherechter?
RTL - 20.03.2010, 08:21 | Fir d'lescht aktualiséiert: 20.03.2010, 08:32 | 13 Commentaire(n)
D'Famill vun der Stewardess, déi beim Fokker-Crash ëm d'Liewe komm ass, huet wëlles, virun den Europäesche Geriichtshaff fir Mënscherechter ze goen.

Dat huet d'Affekotin vun der Famill matgedeelt.
D'Lëtzebuerger Justiz hätt verschidden Artikele vun der Mënscherechtskonventioun net respektéiert, sou hiert Argument – zum Beispill dee vum Recht op ee faire Prozess bannent engem akzeptablen Delai.
D'Luxair-Maschinn war jo bekanntlech am November 2002 accidentéiert an am Ablack ass nach net gewosst, ob a wéini et zu engem Prozess an där Affair kënnt.


Äre Commentaire