Kënzeg: Employé um Samschdegmoie vun Unhänger erdréckt

RTL - 20.03.2010, 12:03 | Fir d'lescht aktualiséiert: 20.03.2010, 13:44

Trageschen Aarbechtsaccident um Samschdeg zu Kënzeg: Op engem Firmegelänn an der Rue de la Chapelle gouf e Mann vun 41 Joer vun enger Remorque erdréckt.

Géint 10.35 Auer ass et zu deem dramateschen Tëschefall komm.

Op dem Terrain vun enger Entreprise ass een Employé vun engem Unhänger, deen un d'Rulle komm war, widdert d'Mauer vun Haus gedréckt ginn. Hie gouf dobäi déidlech blesséiert.

De Samu vun Esch konnt nach just den Doud vun deem 41 Joer ale Mann feststellen.

Am Asaz waren och nach d'Ambulanz an de Sauvetage vu Péiteng, d'Pompjeeë vu Kënzeg, d'Police an d'Gewerbeinspektioun vun Esch.