Léiwenger Lycée fir Educateuren: Fall vun Hirnhautentzündung
RTL - 20.03.2010, 12:13 | Fir d'lescht aktualiséiert: 20.03.2010, 15:54
Am Lycée technique fir Educateuren a Sozialberuffer zu Léiweng gëtt et ee Fall vun enger Meningite op enger Treizième. D'Schüler kruten en Antibiotique.

Fir genee ze sinn handelt et sech ëm eng bakteriell Hirnhautentzündung an déi ass ustiechend.
D'Santé ass informéiert an huet um Freideg de Schüler aus der Klass präventiv en Antibiotique ginn, fir datt d'Krankheet net ausbrieche kann. De betraffene Jong war zanter Mëtt der Woch net méi an der Schoul a gëtt an der Klinik behandelt.
D'Symptomer vun enger bakterieller Meningite si Féiwer, staarke Kappwéi, Iwwelzegkeet an et kritt een d'An wéi. An deem Fall soll een direkt an d'Urgence goen.

