Foussgänger vun Automobilist ugestouss: Déi 2 hate gedronk

RTL - 20.03.2010, 15:42 | Fir d'lescht aktualiséiert: 20.03.2010, 17:14

Liicht blesséiert gouf dee Mann, deen de Samschdegmoien um Glacis ugestouss gouf. De Mann hannert dem Steier hat gedronk, mee deen op der Strooss och.

De Samschdegmoie géint 5.45 Auer ass et an der Stad an der Faïencerie-Strooss zu engem Accident komm, bei deem Alkohol am Spill war.

E Foussgänger ass iwwert d'Strooss gaangen, wéi vum Glacis en Auto gefuer koum, deen de Mann matten op der Strooss iwwersinn an ugestouss huet.

De Mann, deen zu Fouss ënnerwee war, ass vum Auto gepak an op de Motor geschleidert ginn a war dono fir e puer Sekonne vu sech.

D'Beruffspompjeeë hunn de Mann an d'Spidol bruecht, wou festgestallt gouf, datt e just liicht blesséiert war.

Der Police no hate souwuel de Mann op der Strooss wéi och deen hannert dem Steier gedronk. De Chauffer ass op alle Fall elo säi Permis lass.