Police sicht Zeien: Fënnef Accidenter mat Fahrerflucht

RTL - 20.03.2010, 19:36 | Fir d'lescht aktualiséiert: 20.03.2010, 20:00 | 9 Commentaire(n)

D'Serie vun de Fahrerfluchten am Verkéier geet monter weider. Nodeems d'Police e Freideg vu 4 Fall geschwat hat, goufen e Samschdeg 5 weiderer bekannt.

Engem e Schued mam Auto a sech dann aus dem Stëbs maachen, ass natierlech net déi fein Aart. De Freideg hat d'Police extra drop higewisen, datt op esou Delikter zolitt Strofe génge stoen.

Aus guddem Grond: E Freideg waren der Police bannent 24 Stonne 4 Fäll gemellt ginn - mee an alle Fäll waren der Police d'Täter bekannt!

Extra hat d'Police an deem Kontext un d'Strofen erënnert, déi op esou onfein Aktioune stinn: Prisong tëscht 8 Deeg an 3 Joer an/oder Geldstrofe vu 500 bis 10.000 Euro riskéiert deen, deen op der Voie publique an en Accident verwéckelt ass an net stall hält, fir sech ëm de Schued ze këmmeren.

Dee gutt gemengte Rappel huet awer net verhënnert, datt d'Police um Samschdeg fënnef nei Fäll vu Fahrerflucht registréiert huet. Si appelléiert dann och un d'Bevëlkerung.

1. Fall: Een onéierleche Chauffer gouf et zu Hesper bei enger rouder Luucht. Do ass eng Fra um Steier vun engem Toyota RAV 4 engem anere Won hannendrop gerannt an du verschwonnen. D'Affer huet e Ruck gespuert, wéi d'Luucht op Gréng gesprong ass, ass op d'Säit gefuer, fir mat der schëlleger Fra ze klären, wat geschitt ass, mee déi huet just kuerz eriwwer op de Mann gekuckt an huet sech du fortgemaach. Geschitt e Freideg géint 17.15 Auer an der Rue de Bettembourg. Eng Enquête leeft.

2. Fall: Zu Péiténg war een Automobilist beim Erausparken zolitt an d'Gefier hannendrunn geknuppt an ass fortgefuer. Dat war de Freidegowend géint 23.30 Auer an der Route de Luxembourg.

3. Fall: Streck Koplescht-Dondel: Virum Rond-Pont um "Quarte-Vang" war ee Chauffeur vu senger Spuer ofkomm an huet en Auto gesträift, deen him entgéint koum. Dësen ass dunn an e Bam geknuppt, de Chauffer blouf awer ouni Blessuren. De schëllegen Autmobilist ass einfach weider Richtung Dondel fortgefuer. Geschitt ass dat Ganzt um Samschdegmoie géint 6.30 Auer.

4. Fall: Um Parking bei der Gare zu Iechternach ass an der Nuecht op e Samschdeg tëscht 1.30 an 3.30 Auer de Chauffeur vun engem Auto - wahrscheinlech engem schwaarze Golf 3 - an d'Autosdier vun engem geparkte Citroen geknuppt an ass dunn mat héijer Vitess fortgefuer. D'Dier ass zimlech futti. D'Iechternacher Police freet, datt dee schëllege Chauffer oder eventuell Zeie sech bei hir um Tel. 2 44 72-500 mellen.

5. Fall: Einfach fortgefuer gëllt och fir de Chauffeur vun engem schwaarze Golf V mat 5 Dieren a getéinte Fensteren, deen de leschte Sonndeg, 14. Mäerz zu Ieselbuer an der Rue du Village een aneren Auto gesträift an deem säi Spigel futti gemeet huet an dunn einfach weider Richtung Clierf gefuer ass. Geschitt géint 3.30 Auer op Héicht vum Bus-Arrêt "Rue de l'Abbaye"

 

Äre Commentaire


D'Commentairer gi gelueden, ee Moment w.e.g.!