ADR-Kongress: De Robert Mehlen bleift President vun der ADR
RTL - 20.03.2010, 18:54 | Fir d'lescht aktualiséiert: 21.03.2010, 10:13 | 3 Commentaire(n)
ADR-Kongress: De Robert Mehlen bleift President an de Roy Reding bleift Generalsekretär vun der alternativ demokratescher Reformpartei.

De Robert Mehlen gouf de Samschdegmëtteg um Kongress vun der alternativ demokratescher Reformpartei zu Pärel mat 71 Jo- zu 33 Nee-Stëmme als President confirméiert.
Och de Roy Reding bleift op sengem Posten. De Generalsekretär krut 62 Jo- a 37 Nee-Stëmmen.
"Haut la main" goufen déi zwee Hären aslo net bestätegt. Nëmme knapp 2/3 vun der Basis hu mat "Jo" gestëmmt. Et goufen iwwregens keng Géigekandidature fir déi Posten.
Vizepräsidentin vun der ADR gett d'Kika Borrega-Alf.
Den ADR-Deputéierte Gast Gibéryen huet um Kongress gemengt, datt d'CSV de Wieler belunn huet ...
|
|
Wéi gewinnt gouf vrun allem d'CSV kritizéiert – dat och vum neien an ale Parteipresident Robert Mehlen. D'Regierungsparteie giffe fir onwichteg Projeten d'Suen zur Fënster erausgeheien. An aneren Dossiere giff et awer net virugoen; zum Beispill giff d'Jugend net op den Aarbechtsmarché preparéiert ginn. "Lëtzebuerg hätt déi deierste Schoul weltwäit, déi awer am mannste giff daachen."
D'Alternativ Demokratesch Reformpartei an hiren neien an ale Generalsekretär Roy Reding fannen och, dat d'Politik d'Economie net genuch ënnerstëtze giff
"Lëtzebuerg ass keen demokratesche Staat"
D'ADR huet och ënnerstrach, datt Lëtzebuerg keen demokratesche Staat wär. De Staat giff enger Partei, nämlech der CSV gehéieren. Et wär onméiglech, dat d'ADR mat 4 Deputéiert keng Fraktioun wär a keng Vertrieder am Staatsrot hätt.
Opwuel d'Partei ee Verléierer vun der leschter Wahl war - de Robert
Mehlen hat bekanntlech säi Sëtz am Bezierk Osten verluer -, wëll d'ADR an der Kontinuitéit weidermaachen.
Wéinst de Wahle vum leschte Joer huet d'ADR iwwregens een déckt Lach an hirer Keess. 2009 huet d'alternativ demokratesch Reformpartei mat engem Defizit vu 760.000 Euro ofgeschloss. De Bilan vum Joer 2011 soll awer rëm am Equiliber sinn.


Äre Commentaire