Bréifdréieschgewerkschaft: Géint Postshops an Interimairen!
RTL - 21.03.2010, 08:28 | Fir d'lescht aktualiséiert: 22.03.2010, 00:52 | 32 Commentaire(n)
Nationalkongress vun der Bréifdréieschgewerkschaft: "Post-Liberaliséierung ass eng Gefor. D'Dirketioun wëll eis lass ginn an duerch bëlleg Leit ersetzen."

Et géing ee sech an engem schwierege Kontext zesummefannen. Sou deen éischte Saz vun der Ried, déi de President vun der Bréifdréieschgewerkschaft, den Eugène Kirsch, um Samschdeg um Nationalkongress zu Walfer am Kulturzenter gehal huet. D'Liberaliséierung wier fir d'Post alles aneres wéi positiv a se géing eng ganz Partie Gefore fir d'Lëtzebuerger Post mat sech bréngen.
"De Lëtzebuerger Marché ass atypesch, wat seng Gréisst, den héije Volume vum Courrier pro Kapp an den héijen Undeel un internationalem Courrier ugeet", sou de President vun der Bréifdréieschgewerkschaft Eugène Kirsch.
Tatsaach wier och, datt e grousse Prozentsaz vum Ëmsaz vun enger relativ klenger Zuel vu Client'en of hänkt. An dofir wieren international Konkurrente staart um Marché interesséiert, seet den Eugène Kirsch. "Si kënnen awer vu baussen operéieren an esou der Kontroll vum Regulateur entgoen. D'Postdivisioun kann dann an d'negativ Zuele geroden. An de legale Statut an de Lounkader si ganz verschidde vun deem vun de Konkurrenten am Ausland."
Eng gutt Qualitéit ass den A an O bei der Post. An dat muss och esou bleiwen, fir datt de Betrib iwwerliewe kann. An do wieren dann déi sougenannte Postshops déi falsch Léisung: "Dat geschitt ënnert dem Virwand, datt d'Ouvertureszäiten net esou attraktiv wieren wéi op enger Tankstell oder Epicerie. Mee wien hënnert d'Direktioun dann drun, d'Ouvertureszäiten an eise Postburoen méi attrativ ze maachen?", freet de President. Dobäi kéim, datt op engem Postshop net all Service géng offréiert ginn, déi e Postbureau huet. A virun allem wier d'Postgeheimnis do net garantéiert.
D'Direktioun wéilt d'Bréifdréier lass ginn a se esou séier wéi méiglech duerch Leit mat niddrege Léin ersetzen. An do wiere mer dann och schon beim grousse Kritikpunkt: d'Interimairen. De Romain Wolff vun der CGFP: "Wann da guer näischt méi geet aus gewolltenem Personalmangel, da gëtt op bëlleg Hëllef aus dem Interimsberäich zréckgegraff, op Leit also, déi iwwert prekär Aarbechtskontrakter agestallt ginn a wou et selbstverständlech och drëm geet, fir se och rëm kënne lass ze ginn."
D'Bréifdréieschgewerkschaft huet mam Postsyndicat an der CGFP eng Conciliatiounsprozedur iwwer déi Froen ageleet, déi se sech stellen. Ënner anerem geet et do ëm de Recrutement an d'Interimsaarbecht.
D'Gewerkschaft huet um Samschdeg schon drop higewisen, datt se géing op d'Strooss goen, wa se keng Satisfaktioun an där Prozedur kréich.
| Reportage vun RTL Télé Lëtzebuerg |


Äre Commentaire