"Luxembourg Artists for Haiti" a "Festival des migrations"
RTL - 21.03.2010, 10:42 | Fir d'lescht aktualiséiert: 22.03.2010, 08:31 | 0 Commentaire(n)
Caritas-Initiativ "Luxembourg Artists for Haiti": Artiste hu sech de ganze Weekend an der Luxexpo an den Déngscht vun den Affer vum Äerdbiewe gestallt.

No der Party um Samschdegowend waren d'Halen de Sonndegmëtteg vu 14 Auer u fir déi ganz Famill op.
D'Suen, déi de Weekend iwwer zesummekomm sinn, ginn an ee laangfristege Projet vun der Caritas op Haiti investéiert
Festival des migrations
Niewendrun huet de Clae op säi Festival des migrations, des cultures et de la citoyenneté an der Luxexpo agelueden. An engem flotten, multikulturelle a liewege Kader hunn eng sëllechen Associatiounen op 300 verschiddene Stänn Spezialitéiten aus hiren Heemechtslänner presentéiert.
Et konnt een exotesch Plate schmaachen, an am Hannergrond internationale Musekgruppen nolauschteren. Ronn 100 Schrëftsteller hunn donieft hir Wierker um salon du livre presentéiert.
| VIDEO: De Reportage op RTL Télé Lëtzebuerg |


Äre Commentaire