Referendum zu Iermsdrëf a Miedernach: Jo zu der Fusioun!
RTL - 21.03.2010, 12:51 | Fir d'lescht aktualiséiert: 21.03.2010, 16:54 | 3 Commentaire(n)
D'Gemengen Iermsdrëf a Miedernach hu sech um Sonndeg an engem Referendum zu iwwer 83 Prozent fir eng Fusioun vun deenen 2 Gemengen ausgeschwat.

Hëlt een d'Resultat vun den 2 Gemengen, da kënnt een op en Taux vun 83,37 Prozent Zoustëmmung (852 Stëmmen) a vu 16,63 Prozent Oflehnung (170 Stëmmen).
Den Detail fir déi eenzel Gemengen: Zu Iermsdrëf ware 594 Wieler ageschriwwen, 525 Bulletine waren an der Këscht, dovunner waren der 18 ongëlteg a 507 valabal. Vun deenen hu 420 (82,84 %) mat Jo a 87 (17,16 %) mat Nee gestëmmt.
Zu Miedernach ware 618 Wieler ageschriwwen, 522 Bulletine waren an der Këscht, 7 waren ongëlteg. Vun de 515, déi valabel waren, waren der 432 (83,88 %) fir d'Fusioun an 83 (16,12 %) dergéint.
Nummer 10 am Land a puncto Surface
Déi nei Gemeng soll "Ärenzdallgemeng" heeschen an de Verwaltungssëtz op Miedernach kommen.
Déi zwou Nordgemengen hate sech schonn am Joer 2007 fir eng Fusioun ausgeschwat.
Déi nei Gemeng huet ronn 2.000 Awunner a gëtt déi zéngtgréisste Gemeng am Land, wat d'Surface ugeet. Si soll scho fir Gemengewahlen d'nächst Joer als Proporzgemeng bestoen.


Äre Commentaire