Mouvement écologique: Regierungspolitik net méi glafwierdeg
RTL - 21.03.2010, 13:19 | Fir d'lescht aktualiséiert: 22.03.2010, 00:51 | 10 Commentaire(n)
Op der Generalversammlung an dem Kongress vum Mouvement Ecologique e Samschdeg ass net mat Kritik un der Regierung an der Tripartite gespuert ginn.

Déi aktuell schwaarz-rout Regierung wier mat grousse Wierder a Saachen Ëmwelt- a Klimaschutz ugetrueden, bis elo hätt se awer nëmme waarm Loft produzéiert a géif all hir Glafwiedergekeet verspillen, esou d'Blanche Weber, d'Présidentin vum Mouvement.
Sou hätt een zum Beipill gesot, dass an Zukunft net d'Promoteuren dieften iwwert d'Landesplanung décidéieren ... mee genee de Contraire géng geschéien, wéi d'Beispiller vum Agrarzenter zu Pëtten an d'Projete vu Léiweng a Wickreng génge weisen. "D'Promoteure bestëmmen d'Politik an d'Regierung verletzt hir eege Plans sectoriels."
|
An d'Politik verbessert hir Glafwierdegkeet och net a Saache Klimaschutz. Déi Lëtzebuerger Regierung hätt e kloer Engagement geholl, seet d'Blanche Weber.
Am Koaltiounsofkommes stéing, dass d'CSV/LSAP-Regierung sech derfir wëll asetzen, dass d'Duerchschnëttstemperatur op der Äerd bis 2050 net ëm méi wéi 2 Grad an d'Luucht geet.
D'Aktiounen vun der Regierung an der Tripartite stinn awer am krassen Géigesaatz dozou, seet d'Blanche Weber.
|
Déi fundamental Debatte géif den Ament verfeelt ginn. De Mouvement reprochéiert der Regierung, dass een net ka jo soen zu enger nohalteger Entwécklung a gläichzäiteg mengt, et misst een ëmmer méi Wirtschaftswuesstem hunn.
| Reportage op RTL Télé Lëtzebuerg |


Äre Commentaire