Accident zu Altwis: Eng Persoun schwéier blesséiert

RTL - 21.03.2010, 13:54 | Fir d'lescht aktualiséiert: 21.03.2010, 21:07

Schroe Verkéiersaccident e Sonndeg géint 11.30 Auer zu Altwies. Wéi 2 Autoen anenee geknuppt sinn, goufen 3 Leit blesséiert, een dovu ganz schwéier.

© RTL (Archivbild)

Een Auto war an een anere geknuppt, deen op der Säit an der Route de Luxembourg stoung.

Zwee Samuen - ee vun Esch an een aus der Stad - waren op der Plaz, fir de Verletzten ze hëllefen, genee wéi och de Rettungshelikopter vun der Air Rescue.

Weider waren do eng Ambulanz vu Schengen, zwou Ambulanzen an de Sauvetage vu Réimech, d'Pompjeeë vu Munneref an d'Police.

Helleng: Uerg blesséiert

Bei dësem Accident zu Helleng um Samschdegowend gouf 1 Persoun schwéier blesséiert.Foto: Police


E Samschdegowend géint 22.30 Auer zu Helleng war och ee schwéieren Accident. E Chauffeur war mat sengem Gefier op déi falsch Bunn geroden an ass frontal an en Auto geknuppt, deen entgéint koum. D'Fra, déi hannert dem Steier vun dësem Won souz, gouf ageklemmt a schwéier blesséiert. Si ass awer net a Liewensgefor.

Deen anere Chauffeur gouf net blesséiert, anescht wéi eng Persoun, déi nach bei him am Auto souz, déi koum mat enger Kappverletzung an d'Spidol.

De Permis vum schëllege Chauffeur ass vun der Police agzunn ginn.

Foto: Police


Walter: Foussgänger ugestouss

Zu Walter (Watrange) dann ass um Samschdeg géint 19.30 Auer e Foussgänger ugestouss ginn. Enger éischter Enquête no wier de Mann op der Strooss ënnerwee gewiescht an e war donkel gekleet.

Eng Automobilistin huet en ze spéit gesinn an ugestouss. De Foussgänger huet d'Been gebrach a Prellungen. D'Automobilistin stoung ënner Schock.

Schinker: Vun der Strooss ofkomm

Ee Liichtblesséierte gouf et bei engem Accident am spéide Sonndegnomëtteg um Schinker. E Chauffeur vun enger Camionnette war do an Direktioun Holztem ënnerwee an ass vun der Strooss ofkomm. D'Camionette huet sech iwwerschloen. Eng Persoun gouf, wéi gesot, liicht blesséiert.