Porte ouverte op der Uni: 2.000 Leit, esou vill wéi nach ni
RTL - 21.03.2010, 21:07 | Fir d'lescht aktualiséiert: 21.03.2010, 21:11
Bei der Porte Ouverte vun der Uni Lëtzebuerg e Samschdeg gouf et en neie Rekord, wat d'Visiteuren ugeet: 2.000 Schüler, Studenten an aner Intresséierter.

Si waren an d'Gebaier vun der Uni luussen. D'lescht Joer waren et nach 700 Leit manner.
Zum Deel gouf et laang Schlaange, fir mat Proffen oder Tuteuren ze schwätzen.
Opfälleg vill Leit wiere mat hiren Eltere komm, schreift d'Uni um Sonndeg an hirem Communiqué.

