Misärshaff: Eco-Label fir Formatiounszenter vu FNEL-Scouten
RTL - 21.03.2010, 21:12 | Fir d'lescht aktualiséiert: 22.03.2010, 00:18
Um Misärshaff an der Gemeng Rammerech: De Formatiounszenter vun de Scoute vun der FNEL krut en ECO-Label vun der Weltscoutsorganisatioun.

Um Misärshaff an der Gemeng Rammerech war um Samschdeg eng speziell Zeremonie fir d'Scoute vun der FNEL. Hire Formatiounszenter um Misärshaff krut en ECO-Label vun der Weltscoutsorganisatioun.
Duerch dëse SCENES-Label ass d'FNEL eng Rei Engagementer agaangen. Besonnesch an der Ëmwelterzéihung, préziséiert d'Commissaire Générale vun der FNEL, d'Martine Faber.
|
Fir de Label SCENES ze behalen, muss d'FNEL sech och weiderhi fir den Ëmwelt- an Naturschutz asetzen. Et wëll een dann och an a mat der Regioun ronderëm de Stauséi zesummeschaffen.

