Areler Autobunn: Fra wéinst Sträit aus dem Auto gesprong
RTL - 22.03.2010, 01:34 | Fir d'lescht aktualiséiert: 22.03.2010, 01:42
Um Samschdegmoien huet d'Police eng Fra gesinn, déi zu Fouss op der Areler Autobunn ënnerwee war. Wéinst Sträit mam Frënd war si aus dem Auto gesprong.

Op der Héicht vu Capellen huet eng Patrull vun der nationaler Verkéierspolizei d'Fra géint 9.40 Auer gesinn. D'Fra hat Schréipsen un den Hänn an hir Kleeder waren dreckeg.
Wéi sech erausgestallt huet, hat d'Fra während der Fahrt e Sträit mat hirem Frënd. Déi verbal Ausernanersetzung schéngt hefteg gewiescht ze sinn, well d'Fra huet decidéiert, iwwert dem Fueren aus dem Won vun hirem Frënd ze sprangen.
Während d'Fra de Policebeamten alles verzielt huet, ass de Frënd mam Auto bäigefuer. Souwuel hien wéi och seng Frëndin hate gedronk. De Permis vum Mann gouf agezunn.
D'Polizisten hunn d'Fra prophylaktesch an d'Spidol bruecht.

