Eltrona: Stéierungen am Laf vum Dag am Raum Gréiwemaacher

RTL - 22.03.2010, 08:07 | Fir d'lescht aktualiséiert: 23.03.2010, 00:34

D'Eltrona deelt mat, datt et am Raum Maacher am Laf vum Dag zu Stéierunge beim Empfank vun de Programmer kënnt, well ee Glasfaser-Kabel gefléckt muss ginn.

Betraff ass d'Regioun Maacher, dat heescht d'Dierfer Gréiwemaacher, Uewerdonven, Nidderdonven, Ohn, Meechtem, Wormer, Éinen (Cité Lehbusch), Dräibuer, Lenneng a Kanech.

Bei Aarbechte ware viru kuerzem d'Glasfaserkabele vun der Gemeinschaftsantenn fir dës Géigend beschiedegt ginn.

Haut um Méindeg, 22. Mäerz, esou d'Eltrona, soll dee Kabel elo definitiv gefléckt ginn. Duerfir kann et zäiteweis zu Problemer, dat heescht zu Ënnerbriechungen am Programm vun "imagin", kommen.