Poopst-Bréif: Kritik vun Affer ass verständlech, sou Péporté

RTL - 22.03.2010, 12:25 | Fir d'lescht aktualiséiert: 22.03.2010, 12:37

Reaktiounen op Hierdebréif vum Poopst : De Porte-Parole vun der kathoulescher Kierch Théo Péporté kann d'Kritik vun den Affer ganz gutt verstoen.

D'Reaktiounen op dem Poopst Benoît dem 16. säin Hiertebréif vun e Samschdeg waren nach laang net alleguerte positiv. Kritik koum zemools vun den Affer, fir déi nach vill Froen opbleiwen.

De Porte Parole vun der kathoulescher Kierch, den Théo Péporté, ass der Meenung datt alles an deem Bréif drasteet, wat muss drastoen, hie kann d'Kritik vun den Affer awer ganz gutt verstoen.

 AUDIO: Den Théo Péporté »


Dee Language, dat ass awer eng Traditioun vun deene Bréiwer preziséiert den Théo Péporté.