Suivi Logistikzenter Eurohub: Retarden an der Konstruktioun
RTL - 22.03.2010, 12:26 | Fir d'lescht aktualiséiert: 22.03.2010, 13:09
Logistikzenter Eurohub: Um fréiere Site vun der WSA tëscht Diddeleng an Beetebuerg geet et net no Zäitplang virun.

D'Industriezone vum Krakelshaff huet zënter e Freideg offiziell eng drëtt grouss Entreprise op hirem Site.
Nieft der Post an TNT operéieren nämlech elo och DPD vu Beetebuerg aus.
|
Direkt nieft dem Krakelshaff soll bekanntlech ee grousse Logistikzenter mam Numm „Eurohub“ entstoen.
Um fréiere Site vun der WSA tëscht Diddeleng an Beetebuerg geet et awer net no Zäitplang virun.
Eigentlech hätt Enn 2009 sollte mat Bauen ugefaange ginn, ma wéi sou dacks hei zu Lëtzebuerg, hunn déi laang Prozeduren deem ee Stréch duerch d'Rechnung gemaach.
Enn vun dësem Joer, soll de Chantier op dem fréiere Site vun der WSA tëscht Beetebuerg an Diddeleng definitiv ufänken. De Buergermeeschter vun Diddeleng Alex Bodry ënnersträicht, dat béid Gemengen net fir dee Retard responsabel sinn. Si hätten alles gemaach, dat den Projet op d'Schinne kënnt.
E bëssen ass awer scho geschitt um zukünftege Site vum Logistikzenter Eurohub. Et gouf schonn ugefaang mat ofrappen an eng Rei Gebaier vun der WSA gi vun Entreprisen als Büroe benotzt.
D'Gemenge waarden elo op déi konkret Baudossieren, fir dat si hir definitiv Accorde kënne ginn, seet den Buergermeeschter vun Diddeleng Alex Bodry.
Den Alex Bodry huet keng Angscht, dat d'Entreprisë wéinst dem Retard an der Konstruktioun vum Logistikzenter Eurohub géifen ofsprangen. De Site géif gutt leien an en wär perfekt un d'Eisebunn an d'Strooss ugebonnen. Enplus giff d'Economie gläich rëm giff unzéien, an da giff et dem Logistik- an Transportsecteur och rëm besser goen.

