Aarbechtsmaart: 15.222 Leit waren ouni Schaff Enn Februar

RTL - 22.03.2010, 13:06 | Fir d'lescht aktualiséiert: 22.03.2010, 15:22 | 13 Commentaire(n)

Hausse vum Chômage um Aarbechtsmaart: Op den 28. Februar waren 15.222 Fraen a Männer ouni Schaff beim Aarbechtsamt gemellt, dat schreift de Statec.

Vu Januar op Februar ass de Chômagetaux zu Lëtzebuerg ganz liicht, ëm 0,1 Prozentpunkt, an d'Luucht gaangen, a läit elo bei 6,5 Prozent.

Am Verglach mam selwechte Mount vum leschte Joer ass et eng Hausse vu 17 Prozent. Et sinn dëst Joer ronn 2.200 méi Leit op der Sich no enger Schaff, wéi viru genee engem Joer.

Am Ganze sichen den Ament ronn 15.200 Leit eng Aarbecht.

Déi Zuele sinn e Méindeg de Moien no der Reunioun vum nationale Konjunkturcomité bekannt ginn. De Gremium huet och 109 Demanden op Kuerzaarbecht traitéiert. Bis op 6, sinn déi alleguerten acceptéiert ginn.

Den Ament schaffe ronn 9.500 Salariéen a Kuerzaarbecht.


 

Äre Commentaire


D'Commentairer gi gelueden, ee Moment w.e.g.!