N. Schmit: Krisepak muss serieux nogebessert ginn
RTL - 12.04.2010, 13:21 | Fir d'lescht aktualiséiert: 19.11.2010, 10:39 | 832 Commentaire(n)
N. Schmit: An den Spuerproposë vun der Regierung hunn d'Famille mat Kanner d'Haaptlaascht ze droen an dat ass net am Sënn vun deem, wat mer wollte maachen.

Et misst serieux nogebessert ginn un deem Spuerpak, deen och ni als definitive Pak vun der Regierung ofgeseent gi wär.
Et muss eng Marge gi fir an aner Richtungen ze schaffen, op anere Plazen also ze spueren, esou den LSAP-Minister.
Wann et bei dëse Mesure géif bleiwen, da géifen Zukunftsaufgaben a Fro gestallt, hei feelt u sozialer Selektivitéit, mengt de Nicolas Schmit.
|
Alex Bodry
Och hien wier dovun ausgaangen, dat dee Spuerpak, dee presentéiert gouf eng Lëscht vu Moossnamen wier, iwwert déi all eenzel diskutéiert ka ginn, sou d'Reaktioun vum Parteipresident Alex Bodry. D'LSAP stéing hannert dem Zil, déi ëffentlech Finanzen an den Equiliber ze bréngen - iwwert den Detail an iwwert d'Gewiichtung vun de Mesuren wier d'Diskussioun awer op.
Och fir den Alex Bodry waren am Pak, deen de Finanzminister Luc Frieden en Dënschdeg presentéiert huet, nei Elementer dran. Hien deelt den Androck vum Nicolas Schmit, dee Pak wier net equilibréiert.
Et wier net gutt gewiescht, dat d'éischt d'Gewerkschaften d'Spuer-Proposen presentéiert hunn, an dono d'Regierung dat kommentéiert an nach eng Kéier gemaach huet.
Ob et ee Problem an der Koalitioun gëtt, kéint een elo nach net soen, sou den LSAP-President. Spéitstens dee nächste Mëttwoch, wann d'Regierung mat den LSAP an CSV- Partei- a Fraktiounspresidenten a Klausur geet, missten d'Kaarten op den Dësch kommen.
John Castegnaro
De Spuerpak, deen en Dënschdeg virgestallt gouf, ass net akzeptabel, seet den fréieren OGBL-President an fréieren LSAP-Deputéierten John Castegnaro.
Et wier ze verstoen, dat d'Gewerkschaften mat den Detailer un d'Ëffentlechkeet gaange sinn.
De Jean-Claude Juncker sollt elo d'Rudder an d'Hand huelen an eventuell mat de Gewerkschaften an de Patronsen getrennt verhandelen. Méiglecherweis misst och den Datum vum 4. Mee fir den Etat de la Nation verluecht ginn.
Biergerlëscht
D'Tripartite ass een Trauerspill sonnergläichen, iergert sech d'Biergerlëscht an engem Communiqué. Si refuséiert d'Propose schaarf an ënnerstëtzt all Beweegungen déi sech wëlle wieren.
D'Gewerkschafte wieren an der Verantwortung. Den OGB-L dierft op kee Fall faul Kompromësser unhuelen a soll de Generalstreik ausruffen wann et muss sinn.
Beim LCGB misst ee sech froen ob en nach glaafwiirdeg ass, vu dass de President gläichzäiteg CSV-Députéierten ass. Et dierft een elo scho gespaant sinn, wéi dee sech bei engem Vote an der Chamber behëlt.
Jongsozialisten
D'Jongsozialisten hu sech elo zu Wuert gemellt. D'CSV misst sech schummen, heescht et am Communiqué. Et wier eng onverantwortlech Haltung an de Koallitiounspartner géif nees säi machiavelistescht Gesiicht weisen.
D'JSL stellt sech hannert d'sozialistesch Ministeren a begréissen d'Interventioun vum Komerod Nicolas Schmit.
Et misst alles gemaach ginn, fir dësen ongerecht verdeelte Sozialofbau z'évitéieren.
Déi Gréng
Dat wat den Ament an der Regierung passéiert ass „du jamais vu“, seet den gréngen Deputéierten François Bausch.
Dat hei wier dee wichtegsten Dossier, deen zanter laangem am politesche Raum zu Lëtzebuerg diskutéiert gouf. A wann d'Regierung sech bei esou Affären net eens gëtt, dann ass dat e schlecht Zeeche fir d'Lëtzebuerger Land, esou nach emol de François Bausch.
Reaktioun vum Jean-Louis Schiltz
De Fraktiounschef vun der CSV, de Jean-Louis Schiltz, gesäit no dësen Aussoen zwou Méiglechkeeten: E Stuerm am Waasserglas oder eng Kakophonie.
AUDIO: De Jean-Louis Schiltz »
Ëm wat geet et?
Déi ugeduechte Spuermesurë vun der Regierung suerge fir hefteg Reaktiounen: CSV & LSAP nuancéieren, d'Oppositioun kritiséiert, d'Gewerkschafte refuséieren.
Dem Finanzminister Luc Frieden no gëtt an den nächste 4 Joer de Punktwäert an der Fonction publique net eropgesat. Dat heescht, beim Staat gëtt et bis 2014 mol näischt an der Pai bäi.
De Finanzminister huet en Dënschdegmoien op enger Pressekonferenz gréisstendeels déi Mesurë vun der Regierung confirméiert, déi d'Gewerkschafte den Dag virdrun - an der Fouléee vun der 3. Tripartite-Ronn - schonn ugekënnegt haten.
De Luc Frieden seet, dass dee Pak absolut néideg ass, fir d'Zil vun Null Defizit bis 2014 an keng Scholdelaascht vun iwwer 30 Prozent z'erreechen an un deem Zil géif egal wéi net gefréckelt.
No de Reaktioune vun de Gewerkschafte stellt sech d'Fro, op dann een Accord an der Tripartite nach méiglech ass ...
|
En Accord wier wënschenswäert, awer net néideg, sou de Luc Frieden.
U sech war ofgemaach, dass no der drëtter Tripartitesronn keng Detailer sollten un d'Ëffentlechkeet kommen, d'Sozialpartner sollten emol hir Iwwerleeungen an da schrëftlech Commentaire maachen.
D'Gewerkschaften hunn sech awer net dorunner gehal, sot de Finanzminister op enger Pressekonferenz. De Luc Frieden huet sech deemno forcéiert gesinn, och Stellung ze huelen a verschidde Saachen ze präziséieren, och wann de Gros vun deem, wat annoncéiert gouf, genee esou stëmmt.

| VIDEO: Sujet op RTL Télé Lëtzebuerg (15/04/2010) |
Präzisiounen vum Luc Frieden
E puer kleng Präzisiounen zu deem, wat d'Gewerkschafte soten: D'Zënsbonifikatioun op Logementsprêten soll ofgeschaf ginn, dat gëllt awer net fir Leit, déi déi Bonifikatioun haut scho kréien. De Spëtzesteiersaz géif vun 38 op 39 Prozent erop an et kéim ee Super-Spëtzesteiersaz vun 42 Prozent (dat geet bei 250'000 Euro un). D'Kierperschaftssteier fir d'Betriber geet net wéi geplangt erof an da soll jo och eng Krisesteier kommen.
An, wéi scho gesot, soll d'Allocation de repas beim Staat, dat maache 40 Milliounen Euro aus, ofgeschaf ginn mat deenen nämlechte Suiten dann fir de Privatsekteur.
Da war et nach d'Präzisioun vum Finanzminister, dass d'TVA net erop geet.
D'Banke kënnen nach ëmmer Bonussen a Golden Hand Shakes bezuelen, esou vill wéi se wëllen, do kënnt awer ee Plafong a wéiwäit se dat kënnen ofsetzen.
An dee ganze Package soll dann Mëtt 2012 nach emol iwwerkuckt ginn. Wann d'Ekonomie boomt, kéint ee verschidde Mesuren liicht zeréck huelen, mä den Ament gesäit et net duerno aus.
A wéi gesot, schéngt dat Zil wierklech absolut net zur Diskussioun ze stoen. Bis 2014 sinn d'Finanzen am Equiliber.
LSAP: Fir eng nuancéiert Vue
No der CSV, der DP, deene Gréngen an der ADR huet am Dënschdegnomëtten och d’LSAP op d’Proposen vun der Regierung am Kader vun der Tripartite reagéiert.
Et géif een net Jo an Amen soen, mee och net alles zerappen, sou den Fraktiounschef Lucien Lux. D’LSAP mécht een Appel un d’Gewerkschaften, um Lëtzebuerger Modell festzehalen an d’Dieren net zouzeschloen. D’Regierung hätt Proposen op den Dësch geluecht, elo misst driwwer diskutéiert ginn. Zum Beispill iwwert eng Banken-Steier oder iwwert den Index.
|
Egal ob et een Accord an der Tripartite gëtt oder net, hält d’LSAP un hirer Annonce fest, dat si mat de Resultater vun der Tripartite vrun ee Parteikongress geet. Dee Kongress wier dann een Dag nom Ofschloss vun der Tripartite.
Vera Spautz iwwer Aarmut bei Jonken
Et geet an déi falsch Richtung. Wat d'Mesuren ugeet, déi bis ewell aus der Tripartite ze héiere sinn, ass dat eng Meenung, déi ee méi dacks héiert.
Et geet an déi falsch Richtung besonnesch och am Kontext vun der Lutte géint d'Aarmut bei de Jonken. Dat seet d'LSAP-Deputéiert Vera Spautz, déi sech besonnesch am soziale Beräich engagéiert.
20% vun de Jonken zu Lëtzebuerg, ronn 22 Dausend Meedercher a Bouwen, liewen an der Gefor vun Aarmut, seet de Statec. Si liewen an enger prekärer Situatioun, huet et nach virun engem Mount an der Orientéierungsdebatt an der Chamber am Virfeld vun der Tripartite geheescht.Wann dat, wat an der Tripartite bis elo um Dësch läit, wierklech sou emgesat gëtt, dann hat déi Debatt net vill Sënn, sou d'Vera Spautz.
D'LSAP-Politikerin weess awer a wéi eng Direktioun et kéint oder souguer misst goen goen. Eent steet fest, sou d'LSAP-Deputéiert Vera Spautz, dat wat elo um Dësch läit, kann et net sinn.
LCGB: Eestëmmegen Nee
Den Zentralcomité vum LCGB huet en Dënschdegowend d'Spuerproposë vun der Regierung eestëmmeg zeréckgewisen.
De chrëschtleche Gewerkschaftsbond wëll zwar weider an der Tripartiteverhandelen, mä de Mesurëpak, wéi en elo um Dësch leit, wier net akzeptabel.
Den Zentralcomité ass och net domadder averstan, datt 1/3 vun de Suen déi solle gespuert ginn, duerch Steiererhéijungen erakommen an 2/3 duerch manner Depensen, well hei ganz kloer nees eemol d'Salarié'en bestrooft ginn, ënnersträicht d'Gewerkschaft.
Si refuséiert och all Manipulatioun, Modulatioun oder Modificatioun vum Index Wuerekuerf.
|
Den LCGB Zentralcomité kritiséiert och d'Positioun vum Patronat.
Et misst onbedéngt seng Roll an der Lutte géint de Chômage spillen an och e Beitrag zum Staatsbudget leeschten, notamment duerch eng Steierpolitik, déi un d'Situatioun vun all Secteur ugepasst gëtt.
OGBL: Net d'accord!
Den Exekutiv-Komitee vum OGBL war um Méindeg beieneen an huet eestëmmeg beschloss, déi Proposë vun der Regierung ze refuséieren.
D'Leit, och déi Kleng, géifen déi Mesuren ze spiere kréien, d'Kafkraaft géif erof goen an dat kritt dann och d'Patronat ze spieren, esou den OGBL-President Jean-Claude Reding.
|
Den OGBL kann net d'accord sinn, dass de Gros vun de Käschte vun der Kris soll vum Normal-Stierfleche gedroe ginn.
CGFP: Net eraus!
Et géif, sou den Generalsekretär vun der Staatsbeamtegewerkschaft, ee gemeinsame Pabeier vun de Gewerkschaften ausgeschafft, deen der Tripartite déi nächst Woch virgeluecht gëtt. Aus der Tripartite eraus wier een net, seet de Romain Wolf.
|
Apess: Solidaresch
Wat d'Tripartite ugeet, ass d'Apess solidaresch mat deenen anere Gewerkschaften. Vun de 550 Milliounen Euro, déi misste gespuert ginn, géifen der 200 zu Laaschte vun de Famille falen.
D'Koalitioun tëscht de chrëschtlech Sozialen an de Sozialiste géif also elo hiert richtegt Gesicht weisen. D'Stéit mat Kanner wären déi, déi am meeschte gestrooft géifen, während d'Betriber just fir 35 Milliounen Euro missten opkommen.
Déi Lénk a KPL: Dat ass Sozialofbau!
Déi Lénk an d’Kommunisten hunn d’Spuerpropose vun der Regierung schaarf kondamnéiert.
Déi Lénk schwätze vun engem Putsch vun der CSV. Déi sozial Aschnëtter, déi de Luc Frieden confirméiert huet, wieren e Putsch géint d’Wielerinnen an d'Wieler a géint de Sozialdialog, esou Déi Lénk an engem Communiqué.
An de Wahlen zejoert hätten d’CSV an d’Regierung kee Mandat fir esou Mesure kritt. D’Kommunistesch Partei ass empört: de Sozialofbau, deen d’Regierung plangt, wier d’Confirmatioun, dass déi schaffend Leit fir d’Kris vum Kapitalismus musse bezuelen.
UEL: Usäz ginn an déi richteg Richtung
A wat seet d'Patronat zur Entwécklung an der Tripartite? RTL huet beim Michel Wurth, dem President vun der UEL, der "Union des entreprises luxembourgeoises", nogefrot. Et ass een nach net um Enn vun der Tripartite ukomm, et kann een also nach keen ofschléissenden Kommentar maachen. Sou kann een de President vun der UEL verstoen.
De Fait, datt awer elo schonns vill a méi wéi soss iwwert déi Tripartite an der Ëffentlechkeet geschwat gëtt, ass net schlecht, sou de Michel Wurth.
Grouss Suerg vun der UEL ass et, fir d'Economie zu Lëtzebuerg nees op di richteg Bunn ze kréien. Fir d'Situatioun vun den ëffentlechen Finanzen an de Grëff ze kréien, ginn et net vill Méiglechkeeten, sou de Michel Wurth an dofir ass een der Meenung, datt vill vum Finanzminister Luc Frieden sengen Usäz an di richteg Direktioun ginn.
Wat di nächsten 2 Tripartitesëtzungen ugeet, erwäert d'UEL sech virun allem emol Proposen vun der Regierung fir d'Verbesserung vun der Kompetitivitéit. D'UEL bleift do bei hirer Positiounen. Zu där gehéiert jo am besonneschen, datt den Index zwee Joer op Eis geluecht soll ginn.
Syvicol: Grouss Suergen
Och de Gemengesynsdikat Syvicol huet reagéiert op der Regierung hir Tripartites-Proposen. De Syvicol mécht sech Suergen ëm d’Reduktioun vun de staatleche Gemengesubventiounen, déi envisagéiert gëtt.
Wann de Staat de Gemengen hir Investitioune bremst, hätt dat e negativen Impakt op déi kleng a mëttelgrouss Betriber an, doduerch, op déi ganz Lëtzebuerger Wirtschaft, esou de Syvicol an engem Communiqué.
De Syndikat, deen an der Tripartite net vertrueden ass, bedauert, dass e net am Viraus informéiert a mat agebonne gouf an d’Diskussiounen, iwwert d’Gemengefinanzen.
Famill 2000: Keng Sanéierung op Käschte vun de Familljen!
Vun den 20 Spuer-Propose viséiere 7 Stéck d'Familljen. Bei kengem vun de 7 Punkten: also dem Kannergeld, dem Congé Parental, der Mammerent, der Zënsbonifikatioun an dem méi bëlleg notariellen Akt beim Kaf vun enger Immobilie, de Bäihëllefe fir de Schoulufank an der Erzéiungszoulag, wëll d'Asbl mat sech diskutéiere loossen. Famill 2000 appelléiert dowéinst un déi verschidde Sozialpartner, notamment d'Gewerkschaften, sech fir d'Familljen zu Lëtzebuerg , also d'Zukunft vum Land anzesetzen.
| VIDEO: D'Spuerpläng - De Reportage op RTL Télé Lëtzebuerg (13. Abrëll) |
| VIDEO: Reaktiounen op Moossnahmepak (13. Abrëll) |
| VIDEO: Suerge vun de Leit wéinst Spuermoosnahmen (13. Abrëll) |
Aleba
D’Bankgewerkschaft ALEBA stellt sech op d’Säit vun den anere Gewerkschaften, mat hefteger Kritik un der Regierung hire Spuerproposen an der Tripartite.
Déi Mesure sinn eng frontal Attack op déi sozial Acquisen vun de Salariéën an hir Famillen, schreift d’ALEBA an engem Communiqué.
D’Bankgewerkschaft seet Neen zu allen Mesuren, déi d’Regierung proposéiert.
Caritas
D'Caritas ass der Meenung, dat de Spuerpak vun der Regierung d'Familljen mat Kanner ze vill staark belaascht.
Et géif Alternativen zu dem Spuerpak, seet de Coordinateur vun der Caritas, den Robert Urbé.
Zum Beispill kéinten Entreprisen a Banke méi belaascht ginn – an déi Leit, déi ee méi héicht Akommes hunn. Et misst ee sech prinzipiell froen, wéi ee Modell Lëtzebuerg fir d'Zukunft wëll.
Wann ee wielt jonke Koppelen noleeën, méi Kanner ze kréien, da misst een hinnen och entgéint kommen, an dozou gehéiert och d'Kannergeld an de Congé parental, sou nach den Robert Urbé. Dat deen elo ëm 2 Méint gekierzt gëtt, géif sech fir Elteren, déi allenzwee dovu profitéiere wëllen, duerchaus bemierkbar maachen. Well si da net dat éischt Joer, mä just nach 8 Méint laang doheem bei hirem Kand bleiwe kënnen.
ULC
Weider Kritik, dann, un de Spuermesuren, déi um Dësch leien – dës Kéier vun der ULC – der Lëtzebuerger Unioun vun de Konsommateuren. Et wiren alt nees d’Konsumenten, déi zur Kees gebuede ginn, fir de Budget ze sanéieren, esou d’ULC an engem Communiqué.
D’Finanzspekulanten als Verursaacher vun der Kris, misste keen Cent bezuelen.
D’ULC wëll drun erënneren, dass hirer Meenung no och zu Lëtzebuerg monter matgemaach gouf beim Kaf a Verkaf vun toxesche Spekulatiounspabéieren, déi d’Finanz- an duerno d’Wirtschaftskris ausgeléist hunn.
Ronn 7.540 Member, dat war d'Zuel vun de Leit, déi sech bis de Mëtteg géint halwer 4 a 5 verschiddene Gruppen um Facebook ageschriwwen haten, fir sech géint d'Spuerpolitik vun der Regierung ze wieren.
Et gëtt hautdesdaags nämlech net nëmmen um Comptoir iwwer Politik diskutéiert, ma op de sëllechen Internetdiskussiounsforen an eben och um Facebook iwwerschloen sech d'Remarque vu rosene Bierger.
D'Reaktiounen an d'Commentaire komme quasi am Minuttentakt geflunn. D'Dynamik um Internet huet sech besonnesch no der drëtter Tripartitesronn entwéckelt. D'Zuel vun de Memberen an de Gruppen op Facebook geet bestänneg an d'Luucht. An et gëtt sech virun allem kräfteg geiergert. De Grupp "Ech si géint déi nei Spuermoossnamen vun der Regierung" huet mat 3.300 Memberen den Ament de gréissten Zoulaf. Mat Aussoen wéi "Dat doten geet eng Nummer ze wäit". "Déi Kleng ginn ëmmer bestrooft an déi Déck loosse mer alt erëm lafen" a "Wéini fänkt d’lëtzebuerger Vollek u sech ze wieren?" maachen sech d'Internauten hei Loft. Jonk an Al iergere sech, datt scho rëm de Mëttelstand bludde muss, respektiv d'Famillje gestrëppt ginn. Anerer hunn hire CSV-Facebookfrënn no der Annonce schonn d'Frëndschaft gekënnegt.
Op "Generalstreik elo", deen elo eréischt gegrënnt gouf, hu sech a 24 Stonnen iwwer 1.400 Leit ageschriwwen a sinn am amgaang fir e Generalstreik ze mobiliséieren, Leit ginn opgeruff sech ze mellen. Ween hëlleft mat organiséieren, mer brauchen Banderollen, Megaphonen an alles wat Kaméidi mécht, jidderee dee wëll matmaachen, ka sech bei mer um Facebook mellen, heescht et. En éischten Opruff ass scho fir e Méindeg um 10 Auer um Knuedler lancéiert ginn. Bal genee souvill Membere wéi deen do huet de Grupp "Fir all déi Leit déi géint d'Spuerpolitik vun der Lëtzebuerger Regierung sinn". D'Bierger musse bludden an eis Regierung gehäit Suen zu Fënster eraus z.B. fir Militärfliger asw. Dat kann et net sinn, heescht et op där Säit am Ënnertitel.
Als Diskussiounsbasis ginn iwwregens ganz vill Artikelen aus der geschriwwener Press, respektiv d'Internetversioun vu Radiosreportage benotzt, déi an de Forum verlinkt ginn.
Regierungspropositiounen vum Méindeg
Eng helleg Kou – d'Mammerent – si soll net gestrach ginn, mä eréischt vu 65 amplaz vu 60 Joer un ausbezuelt ginn.
Ze spieren wier och dës Mesure: De Renten-Ajustement géif ausgesat – an zwar géif deen nächsten, deen 2011 fälleg ass, ewechfalen. D'Regierung huet och proposéiert, d'Kannergeld nëmmen nach bis 21 Joer auszebezuelen. Vun deem Alter un géif et un de Système vun de Boursen a Prêtsen gekoppelt.
D'Allocatioun fir d'Schoul-Rentrée géif just nach fir déi ausbezuelt, déi och eng "Allocation de vie chère" kréien.
E Congé parental soll an Zukunft net méi 6 mä maximal 4 Méint plein temps daueren. D'Erzéiungsgeld géif erofgoen.
Wat d'Steieren ugeet, soll d'Zëns-Bonification am Logement ofgeschaaft ginn – genee ewéi de bëllegen Akt, wann een een Haus oder Appartement keeft.
De Spëtze-Steiersaz soll erhéicht ginn – ëm wéi vill ass net gewosst – just – dat och een sou genannte Super-Steiersaz fixéiert soll ginn.
Eng Hausse kéim zousätzlech op eis duer bei der Solidaritéits-Steier – an da géif eng Zort Krise-Steier agefouert – déi géif op sämtlech Salairen a Revenuen – also och op Loyeren etc. erhuewen. Wéi genee dës nei Steier ausgesäit, war nach net gewuer ze ginn.
Wat d'Subventioune op Betriber ugeet, hätt d'Regierung proposéiert se ëm 10 Prozent erofzesetzen. Déi fir Gemengen solle jo och gekierzt ginn. Hei wier ënner anerem am Gespréich, dat de Staat Kläranlagen net méi wéi bis elo zu 90 Prozent, mä just nach zu 75 Prozent subventionéiert.
| VIDEO: Sujet op RTL Télé Lëtzebuerg (12/04/2010) |
| VIDEO: D'Gewerkschafte wiere sech |
| VIDEO: Wéi geet et elo weider? (14. Abrëll) |


Äre Commentaire