Santé: Opgepasst bei Fësch aus eise Baachen a Flëss
RTL - 07.05.2010, 14:15 | Fir d'lescht aktualiséiert: 07.05.2010, 18:19 | 17 Commentaire(n)
De Gesondheetsministère warnt viru Fësch aus Lëtzebuerger Flëss a Baachen. D'Fësch sinn nämlech, wéi zënter Joere schonns, mat PCB belaascht.

Nach ëmmer si Lëtzebuerger Fësch duerch PCBen, also Chemikalien, verseucht. Besonnesch schlëmm ass dat beim Éil. Éilen sollt ee guer net fir déi eege Konsommatioun fëschen.
|
All wäisse Fësch ass zwar och kontaminéiert, awer net sou staark. Wat si ugeet, gëtt geroden, déi just eemol de Mount op den Dësch ze bréngen.
A Kanner sollen iwwerhaapt keng Fësch iessen, déi heiheem an eise Baachen a Flëss gefaange goufen.
Wat iwwregens de Fësch an de Lëtzebuerger Restauranten oder Frittebuden ugeet, dee kënnt quasi ni aus Lëtzebuerger Gewässer, mee aus auslänneschen Ziichtereien.

Äre Commentaire