Police am Norden: 2 vu 4 Schampesdéif konnte gepëtzt ginn
RTL - 15.05.2010, 14:38 | Fir d'lescht aktualiséiert: 15.05.2010, 14:52
D'Police vu Woltz huet um Freideg 2 Leit an engem Auto mat litauesche Plakke verhaft. An der Mall loungen 72 geklaute Fläsche Schampes an aneren Alkohol.

Géint 22 Auer haten d'Täter zu Nidderfeelen op enger Bensinsstatioun 4 Fläsche Champes geklaut a waren dobäi erwëscht ginn.
Déi 2 Déif si fortgelaf an an ee schwaarze Mercedes mat de litauesche Plakken ERF508 gesprong. An deem Auto hunn 2 aner Persounen op si gewaart.
D'Police vun Dikrech huet direkt eng Fahndung erausginn a géint 23 Auer huet eng Patrull vun der Wëltzer Police gemellt, datt si den Auto bei enger Tankstatioun am Pommerlach fonnt hätten.
Wéi d'Leit am Auto d'Police gesinn hunn, hu sech der 2 vun hinnen direkt zu Fouss duerch d'Bascht gemaach. D'Police sicht nach no hinnen, d'Sich mat der Hondsstaffel no der Fuite hat kee Succès. Déi 2 aner goufe gepëtzt.
An der Mall hunn d'Beamten 72 Fläsche Schampes, Whiskey an aneren Alkohol fonnt.
Déi 2 Männer, déi fortgerlaf sinn, si vu wäisser Hautfaarf, sinn ca. 1,75 Meter grouss a tëscht 20 an 30 Joer al. Deen ee war ganz schwaarz, deen aneren éischter gro ugedoen an allen zwee hate si eng Posch bei sech.
