ADMD-L: Klärungsbedarf bei Bierger, Fleegepersonal, Dokteren
RTL - 21.05.2010, 12:55 | Fir d'lescht aktualiséiert: 19.11.2010, 10:42 | 5 Commentaire(n)
1 Joer Euthanasie-Gesetz: D'Association pour le droit de mourir dans la dignité" konzentréiert sech an Zukunft éischter op d'Informatioun zur Euthanasie.

Klärungsbedarf gesäit de President vu bis elo, de Jean Huss, net nëmme beim Bierger, ma och beim medezinesche Fleegepersonal a bei den Dokteren.
Ganz wichteg ass der Associatioun, datt d'Leit mat Zäit eng "disposition de fin de vie" schreiwen, an där se sech elo scho prinzipiell fir eng méiglech Euthanasie ausschwätzen: ouni esou e Schreiwes (dat muss un d'Santé geschéckt ginn) ass eng Euthanasie neméi méiglech. Z.B. wann dee Betraffenen duerch en Accident oder e Schlag stënterlech an de Koma fällt.
Genee esou wichteg sinn d'Vertrauenspersounen, déi mussen an der Dispositioun stoen an den Dokter informéieren, esou de Jean Huss.
D'Associatioun fir d'Recht op e Stierwen an der Dignitéit huet d'Formulairen op hirer Internetsäit admdl.lu Neie President vun der ASBL ass de Christophe Schiltz.
VIDEO: De Reportage op RTL Télé Lëtzebuerg

Äre Commentaire