Halsdorf: Zuele beweise Virdeeler vu Videoiwwerwachung

RTL - 02.06.2010, 15:13 | Fir d'lescht aktualiséiert: 03.06.2010, 08:31 | 32 Commentaire(n)

Déi zoustänneg Chamberkommissioun huet sech mat der Videoiwwerwaachung befaasst. Nei Zuele vum Minister beweisen eng besser Opklärung vu Strofdoten.

Dobäi huet den zoustännege Minister Jean-Marie Halsdorf dës Zuelen op den Dësch geluegt: Zu Ettelbréck an zu Esch ronderëm d’Gare, wou keng Kamerae sinn, goufen tëscht Enn 2007 an Enn 2008 53%, respektiv 62% Strofdoten opgekläert; an der Stad dogéint, wou zanter 3 Joer e Pilotprojet mat Kamerae leeft, 71%.

Fir de Jean-Marie Halsdorf an d’Deputéiert ass et allerdings och néideg, iwwert d’privat Kameraen ze schwätzen, déi uechtert d’Land opgestallt gi sinn.


Videoiwwerwaachung: Avantage oder Gefor vir d'Privatliewen? (02.06.2010)
Déi zoustänneg Chamberkommissioun huet sech haut mam Thema befaasst. Nei Zuele vum Inneminister beweisen eng besser Opklärung vu Strofdoten.



Äre Commentaire


D'Commentairer gi gelueden, ee Moment w.e.g.!