DP: Wéi vill Studenten sinn Affer vum neie Boursesystem?

RTL - 02.07.2010, 17:35 | Fir d'lescht aktualiséiert: 03.07.2010, 09:47 | 4 Commentaire(n)

DP: Den Héichschoulminister soll d'Kaarten op den Dësch leeën. Wat fir Studente komme méi schlecht wech, wann d'Kannergeld iwwer 21 Joer ofgeschaaft gëtt?

De François Biltgen hätt zouginn, dass ee klengen Deel Studente méi schlecht wech kéimen, wann d'Kannergeld iwwer 21 Joer ofgeschaaft an duerch de neie Boursesystem ersat gëtt.

Mä wéi vill Leit si betraff, wëll d'demokratesch Partei wëssen. Studentenassociatioune géife vun 20 Prozent schwätzen.

D'Zuele mussen awer genee op den Dësch, fënnt d'DP, fir dass d'Deputéiert gutt informéiert kéinten ofstëmmen.


DP: „Reform vu Studenteboursen net iwwert de Knéi briechen!“ (02.07.2010)
Den Héichschoulminister soll d’Studentenassociatiounen nach emol gesinn, an genee Zuelen op den Dësch leeën, wéivill Studenten bei dëser Reform benodeelegt ginn



Äre Commentaire


D'Commentairer gi gelueden, ee Moment w.e.g.!