Donneschdeg, 02. September 2010

National News

Regierung: Krisemesuren an homosexuellt Bestiednis beschloss

RTL - 09.07.2010, 18:04 - Fir d'lescht aktualiséiert: 09.07.2010, 21:54

Am Regierungsrot goung et e Freideg an der Haaptsaach ëm Krise-Moossnamen. Dernieft ass elo d'homosexuellt Bestiednis decidéiert ginn.

De Spëtzesteiersaz gëtt vun 38 op 39 Prozent eropgesat. Deen Taux gëllt bei engem Akommes vun 41. 793 Euro un an der Klass 1 a vun 83.586 Euro un an der Klass 2.

D'Kilometerpauschal gëtt ëm d'Halschent gekierzt; dat gëllt och fir de minimale Forfait.

D'Solidaritéitssteier geet vun 2,5 op 4 Prozent fir déi physesch Persounen an d'Luucht.

Verdéngt ee méi wéi 300.000 Euro an der Classe 2, klëmmt den Taux un de Fonds de l'emploi op 6 Prozent. D'Kollektivitéiten mussen an Zukunft 5 Prozent ofgin amplaz de 4 Prozent den Ament.

D'Persoune mussen donieft nach eng speziell Krisentaxe bezuelen: An den nächsten zwee Joer ginn 0,8 Prozent vum Loun akasséiert.

Wat de "Golden Handshake" an de Betriber ugeet: All Prime de départ, déi iwwer 300.000 Euro läit, kann net méi vun der Steier ofgesat ginn.

Homosexuellt Bestiednis

Am soziale Beräich gouf dann nach d'Decisioun geholl, datt homosexuell Männer oder Fraen sollen d'Recht kréien, sech ze bestueden.

Dat bréngt mat sech, datt dës Kopplen déi nämmlecht Rechter kréien, awer och Verpflichtungen; et sollen déi nämmlecht Reegele gëllen, fir d'Bestiednes nees opzehiewen, awer och an den Ierfschaften. Et bleift just een Ënnerscheed tëscht homosexuellen an heterosexuelle Koppelen: an engem homosexuelle Bestiednes gëtt deen ee Partner net de Papp vum Kand vun deem anere Partner.

D'Adoption simple gëtt méiglech fir déi Homosexuell, egal, op se bestuet sinn oder net; an dësem Fall muss d'Persoun op d'mannst 25 Joer al sinn.

D'Adoption plénière bleift ausgeschloss, esou wéi dat och déi national Ethik-Kommissioun an den Ombutscomite fir Kanner gefrot haten.

Finanzplaz

Nach eng Decisioun, wat d'Finanzplaz ugeet: Investmentfongen, déi an d'Microfinanzen investéieren, kréien d'Taxe d'abonnement nogelooss.

Déi Fongen, déi an der Agence LuxFlag dra sinn, kréien dës Taxe automatesch nogelooss; déi aner mussen eng Demande eraginn: Si mussen op d'mannst 50 Prozent vun hirem Geld an Institutiounen vun der Microfinanz placéiert hunn.

Dat betrëfft eng 30 Fongen zu Lëtzebuerg, mat engem Aktiva vun 2,2 Milliarden Euro.



Är Commentairen

Gidd w.e.g. Ären Numm an Är E-Mail-Adress un. Merci! D'E-Mail-Adress froe mir, fir Iech eng Confirmatioun ze schécken, wann Äre Commentaire online ass.
Duerch d'Fortschécke vun Ärem Commentaire acceptéiert Dir eis
Conditions d'utilisations fir d'Moderatioun vun eise Commentairen a Lieserbréiwer.

MODERÉIERT W.E.G. ÄREN TOUN: KENG FRECHHEETEN.
KENG ONGEPRÉIFTE "FAKTEN". KENG FALSCH IDENTITÉITEN. MERCI!
Numm:
E-Mail:
Text:

D'Commentairer gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
2. Sep 18:19  BNP Real Estate: Taux de Vacance bei Bürosgebaier héich
2. Sep 16:16  Lokales: Auto a Gruef tëscht Garnech a Wandhaff, Mann voll
2. Sep 16:03  Vermësst zënter 25. August: Belo Simoes Abreu Luis Cesario
2. Sep 15:10  Tunnel Houwald: Aarbechte lafe wéi geplangt, sou P&Ch
2. Sep 12:19  SES-Astra: 3D-Tëlee mat manner techneschem Opwand
2. Sep 11:42  Integration durch Austausch: IdA Programm och zu Lëtzebuerg
2. Sep 11:29  Lokales: Déidlechen Accident en Donneschdeg op A1
2. Sep 11:25  Lokales: Automobilistin mat 151 amplaz 70 km/h ënnerwee
2. Sep 10:20  Iechternach/Manertchen: Auto mat Päerd zesummegestouss
2. Sep 08:01  Staatsbudget: Optakt vun de Beichtstullgespréicher
1. Sep 18:00  Lokales: Fra erstach bei Familljesträit zu Esch e Mëttwoch
2. Sep 07:58  Lokales: 3 Blesséierter bei Accident zu Bierchem/Béiweng
2. Sep 07:42  Lokales: D'Stater Pompjeeë waren direkt 3 mol am Asaz
1. Sep 16:28  Bilan Karschnatz: 20% Abousse am Verglach mat 2009
2. Sep 07:30  Wäiswampesch: Drénkwaasser gespaart den 2. September
31. Aug 18:54  Streck Briddel-Stroossen: Wéint Chantier 3 Deeg zou vum 2/9
1. Sep 17:54  Lokales: 4 Liicht Blesséierter bei Accident op A13
2. Sep 07:30  DGB: Däitsch Kritik u Lëtzebuerger Kannergeld-Mesure
1. Sep 13:46  Lokales: Zu Esch huet eng Spillplaz gebrannt
1. Sep 13:42  ADR: Neien Agrarzenter Jo, mä net egalwou an egalwéi!
1. Sep 13:42  Aarbechtsaccident zu Klierf: Fangerkëppchen ofgetrennt
1. Sep 13:41  D'Inflatioun ass am August op 2,2% zréckgaang
1. Sep 13:40  Lokales: Zu Iechternach ass an eng Gäertnerei agebrach ginn
1. Sep 13:16  De Robert Biever ass elo offiziel Procureur Général
1. Sep 12:00  Meteo: Den August war en extrem naasse Mount
1. Sep 12:00  Reform bei der Douane: Gewerkschaft nëmmen zum Deel averstan
1. Sep 13:20  driving.lu an habiter.lu elo och um Site vun RTL
1. Sep 11:13  Zeienopruff: Porsche geklaut zu Péiteng e Mëttwochmoien
1. Sep 09:06  D'ASTI warnt viru falsche Sue-Sammler déi ënnerwee sinn
1. Sep 08:20  Nei eenheetlech grenziwwerschreidend Tariffer op Buslinnen
31. Aug 22:58  Findel: Accident vun engem Privatfliger um Dënschdegowend
31. Aug 17:52  Accident tëscht Eiter a Bus: Schwanger Fra blesséiert
31. Aug 16:07  Ausweisung vu serbescher Famill offiziell confirméiert
31. Aug 15:00  Aarbechte vun der Sotel illegal, sou Greenpeace
31. Aug 13:21  Gratis Nohëllefscoursen vum CPOS fänken den 1. September un
31. Aug 12:58  Lokales: 2 Blesséierter bei 2 Accidenter um Dënschdegmoien
31. Aug 12:14  Iceland Express: Keng Vole méi vu Lëtzebuerg op New York
31. Aug 11:30  Virun 68 Joer: D'Lëtzebuerger soten de Nazien "Nee"
31. Aug 07:20  Bréissel: De Jean-Claude Juncker war beim Herman Van Rompuy
31. Aug 01:12  Lokales: Schwéieren Accident um Blvd. JFK um Kierchbierg
30. Aug 07:27  Stater Geschäftsverband: Gutt Braderie, net super wéi 2009
10. Aug 17:05  Pakistan brauch Hëllef: Spendenopriff zu Lëtzebuerg

Ëmfro »

Hutt Dir är Batterien iwwer d'Summervakanz konnten oplueden, fir d'Rentrée elo mat Energie kënnen z'attackéieren?
Op alle Fall!
Nee, ech brauch nach méi Vakanz!
Ech hat guer keng Vakanz...
Ech hu keng Meenung dozou.

Dëse Sondage entsprécht net de wëssenschaftleche Standarden. E representéiert just d'Meenung vun deene Leit, déi hei op RTL.LU geäntwert hunn.

Hifi International