Käl: Kran wéinst dem Wand ëmgefall an 3 Leit blesséiert

RTL - 12.07.2010, 11:00 | Fir d'lescht aktualiséiert: 13.07.2010, 09:11

Zu Käl ass wéinst dem ville Wand um Méindegmoien e Kran ëmgefall. 3 Persoune goufe blesséiert, eng dovunner méi schwéier.

De Kran stoung an der Näerzénger Strooss um Schantje vum neien Datazenter vun der Post. De Kran ass op d'Baucontaineren gefall. Aarbechter waren do grad am gaange Kaffi ze drénken a sinn erausgelaf, wéi se de Kran gesinn hu falen.

Op der Plaz waren 2 Ambulanze vu Käl, 1 Ambulanz vun Diddeleng, de SAMU vun Esch, de Sauvetage vu Käl an d'Hondsstaffel.


Käl: Kran wéinst dem Wand ëmgefall an 3 Leit blesséiert (12.07.2010)
Zu Käl ass wéinst dem ville Wand e Kran ëmgefall. 3 Persoune goufe blesséiert, eng dovunner méi schwéier.



Asäz fir d'Pompjeeën am ganze Land

Tëscht 10.15 an 11.15 Auer hunn d'Pompjeeën am Ganze 25 Mol mussen an den Asaz wéinst Stroossen, déi duerch Beem blockéiert gi sinn, wéinst engem beschiedegten Daach, a wéinst engem Bam deen op en Auto gefall war. Et gouf kee Mënsch blesséiert.

D'Police huet am spéide Méindegnomëtteg gemellt, datt 5 Ween duerch Beem beschiedegt gi wieren: op der Streck Clierf-Aasselbuer, zu Diddeleng um Parking vun der Post, an der Stad an der Rue Christophe Plantin an zu Rëmeleng an der Rue des Martyrs. Op kenger vun deene 4 Plaze gouf et Blesséierter.

Bis zu 89 km/h

Um Méindegmoien tëscht 10.15 an 11.15 Auer sinn och déi héchste Wandvitesse gemooss ginn. Op der RTL-Statioun zu Beetebuerg, déi net wäit vum Site vun der Post zu Käl ewech ass, gouf eng Wandspëtzt vun 89 km/h gemooss. Déi selwecht Zäit waren et zu Bartreng 80 km/h a kuerz virun 11 Auer gouf zu Elwen eng maximal Wandvitesse vu 87 km/h gemooss.

Zuchstreck Bréissel a Lëtzebuerg och betraff

Och an der Belsch huet et um Méindeg de Moien deels méi kräfteg geblosen. Och bei eisen Nopere sinn eng Partie Beem ëmgefall. Betraff war doduerch och d'Zuchstreck tëscht Bréissel a Lëtzebuerg. Een Zuch dee vu Bréissel op Lëtzebuerg ënnerwee war, hat e Méindeg de Mëtteg eng hallef Stonn Verspéidung, well en zu Arel huet misste stoe bleiwen.

Foto: Boris Kirsch


Kran ëmgefall, 3 leit blesséiert (12.07.2010)
Zu Käl um Chantier vum neien Datazenter vun der Post ass e Kran op Baucontaineren gefall. 3 Leit goufe blesséiert