Ëmweltorganisatiounen: Dossier Agrarzenter ass Trauerspill

RTL - 15.07.2010, 17:55 | Fir d'lescht aktualiséiert: 16.07.2010, 09:07 | 5 Commentaire(n)

Den Dossier vum neien Agrarzenter zu Pëtten ass ee politescht Trauerspill sou d'Natur- a Vulleschutzliga, de Mouvement ecologique, d'Natura an d'Busna.

Nei Fakte confirméiere d'Vergaangenheet, sou d'Blanche Weber vum Mouveco, nämlech datt de Promoteur d'Leit täuscht an datt d'Politik sech hirer Responsabilitéit entzitt.

Nei ass dann, datt elo och de „Conseil Supérieur de l'Aménagement du Territoire“ der Regierung dervunner ofréit den neien Agrozenter zu Pëtten ze bauen. Dat misst eigentlech bei de politesch Responsabelen een Ëmdenken provozéieren, soss liewe mer an enger Banannerepublik, sou d'Blanche Weber vum Mouvement écologique.


 

Äre Commentaire


D'Commentairer gi gelueden, ee Moment w.e.g.!