Avortement: Koalitiounspartner musse lo kucken, sou Biltgen
RTL - 19.07.2010, 12:15 | Fir d'lescht aktualiséiert: 19.07.2010, 16:34
No Bedenke vum Staatsrot um Avortements-Gesetz: De Justizminister seet, datt den Text dat erëm gëtt, wat CSV an LSAP ofgemaach hunn. Lo muss geschwat ginn.

De Staatsrot huet d'lescht Woch seng Kritiken zu der Reform vum Avortementsgesetz bekannt ginn. Eng Partie Awänn plus 1 formell Oppositioun, wat d'Definitioun vun enger Noutsituatioun betrëfft.
De 'Conseil d'Etat' beklot sech a sengem Avis, datt der Fra hirt Recht op Selwerbestëmmung net am Text steet. An dat misst sech eben änneren.
De Justizminister François Biltgen ënnersträicht virop, datt de Gesetzprojet milimetergenee dat erëm gëtt, wat CSV an LSAP an der Koalitioun ofgemaach hunn.Wat dann d'Definitioun vun enger Noutsituatioun betrëfft - d'Viraussetzung fir d'Recht op Ofdreiwung – géif de Gesetzgeber dës Kéier jo esouguer méi wäit goen, wéi dat bis elo de Fall wor. De Staatsrot réit dem Gesetzgeber sech un den Texter an der Belsch an a Frankräich z'orientéieren.
Bei der obligatorescher Berodung freet de 'Conseil d'Etat', wat dat bréngt, well den Dokter misst der Fra all méiglech Froe beäntweren a Rotschléi ginn. De François Biltgen ass sech bewosst, datt d'Meenungen op deem Punkt ausenaner ginn, fënnt et awer weider wichteg bei Mannerjäregen. An der sozialer Komponent vun der Berodung géingen sech jo aner Froe stelle wéi där medezinescher.
Op d'Froe vum Staatsrot missten elo Äntwerte fonnt ginn, esou de François Biltgen. Betraff sinn haaptsächlech d'Famill an d'Santé, déi solle méi Detailer ginn, déi net am Projet stinn.
Di héich Kierperschaft hat och vun enger Diskriminatioun vun europäesche Bierger geschwat, well am Text vun enger minimaler Openthaltsdauer vun 3 Méint Rieds ass. Ma dat stoung och schon am aktuelle Gesetz.
Lydie Err a Viviane Loschetter
D'Lydie Err schwätzt vun engem formidabelen Avis vum Staatsrot. D'LSAP-Deputéiert ass iwwerzeegt, datt elo nach punktuell ka nogebessert ginn. Si selwer stéing op alle Fall kloer hannert dem Text vum Staatsrot.
An och d'Viviane Loschetter freet sech iwwert den Avis. Di Gréng hoffen elo, datt d'Indikatiounsléisung awer duerch eng Fristeléisung ersat gëtt, wou d'Fra ganz alleng d'Recht huet fir iwwert eng Ofdreiwung ze decidéieren.
D'DP schreift an engem Communiqué vun enger Décker op de Bak fir d'Regierung.
