Forcéiert Retouren um Findel: Schaarf Kritik vun der Asti

RTL - 20.07.2010, 17:52 | Fir d'lescht aktualiséiert: 21.07.2010, 08:13

Forcéiert Retouren: Nëmmen 2 vun de 4 Famillen, déi en Dënschdeg an de Centre Aida op de Findel bruecht goufen, mussen d'Land direkt verloossen.

Forcéiert Retoure vu Familljen aus dem Kosovo suergen nees fir Kritik un der Regierung. En Dënschdeg goufe 4 Famille mat am Ganzen 8 Kanner an de Centre Aida um Findel bruecht. Hir Demande fir politeschen Asyl woren ofgeleent ginn.

An deem zouenen Zenter hu si op hire Retour gewaart. De Serge Kollwelter vun der ASTI bedauert virun allem d'Vitesse, mat deenen déi Concernéiert opgefuerdert goufen, d'Land ze verloossen. D'Regierung hätt hinnen deemno guer keng Zäit gelooss, déi Retoure mat der OIM z'organiséieren – der Internationaler Organisatioun fir Migratioun.

 AUDIO: De Serge Kollwelter »



Déi Concernéiert haten en Dënschdeg Recourse géint hir Retouren déposéiert. Hire forcéierte Retour géing doduerch awer just op méi e spéideren Datumverluecht. An der Tëscht ass d'Nouvelle, datt nëmmen zwou vun de 4 Famillen d'Land direkt verloosse mussen. D'Verwaltungsgeriicht huet en Dënschdegowend décidéiert, deenen Famillen hiren Dossier nach emol ënnert d'Lupp ze huelen.