Bausecteur: Et ass den Ament ze kal, fir ze schaffen

RTL - 03.02.2012, 17:58 | Fir d'lescht aktualiséiert: 06.02.2012, 15:34

Bausecteur: Bei den ablacklechen Temperature gëtt um Bau sou gutt wéi net geschafft. Dat ass net méi méiglech, net fir d'Leit an net fir d'Material.

Wann dann awer muss geschafft ginn, zum Beispill wann eng Leitung geplatzt ass, muss de Patron gewësse Saache respektéieren.

Mat Beton, Zement oder Waasser schafft et sech net ënner 0 Grad, seet de Roland Kuhn, de President vun der Fédération des Entrepreneurs. D'Qualitéit ka bei den ablackleche Minustemperaturen net garantéiert ginn. Wann een awer net derlaanscht kënnt, zum Beispill am Noutfall, muss de Patron ënnert anerem fir déi adequat Kleeder suergen, erkläert de Robert Huberty, Direkter adjoint vun der ITM.

Dobanne kann nach weider geschafft ginn, mä och do gëlle Critèren. Wann et net méi renge Réibau ass, da muss dat Gebai, zum Beispill d'Fënsteren, zougemaach ginn, fir datt d'Leit nach kënne weiderschaffen. A wann d'Leit sollen dobausse schaffen, muss de Patron dofir suergen, datt d'Aarbechter en Ënnerstand hunn, wou si sech kënne wiermen.

Wann net ka geschafft ginn, gräift de Congé intempéries. Déi zwee éischt Deeg bezilt de Patron, dono kritt den Aarbechter 80% vu sengem Loun. Datt wéinst dem Wierder de Chantier zou bleift, dat kënnt all Joer vir, sief et wéinst villem Schnéi oder eben enger sibirescher Keelt. Dat ass näischt Neies, mengt de Roland Kuhn.

De Robert Huberty vun der Gewerbeinspektioun gëtt och ze bedenken, datt net nëmmen d'Leit um Bau concernéiert sinn. Och an der Landwirtschaft muss deelweis och geschafft ginn, zum Beispill wann d'Drauwe fir den Äiswäin muss gelies ginn. An der Industrie gëtt och dacks nach bausse geschafft. D'Leit mussen also och hei geschützt ginn, mat Kleeder, oder engem Ënnerdaach a waarmem Gedrénks.

 AUDIO: De Robert Huberty »