R. Goebbels: Lëtzebuerg muss sech fir d'Gentechnik opmaachen
RTL - 26.07.2010, 12:45 | Fir d'lescht aktualiséiert: 26.07.2010, 12:57 | 128 Commentaire(n)
Fir d'Gentechnik: Den LSAP-Politiker an Europadeputéierte Robert Goebbels fuerdert vu Lëtzebuerg méi eng oppen Haltung a positiv Astellung zu OGMen.

"De Rescht vun der Welt entdeckt all Dag d'Virdeeler vun der Gentechnologie, just zu Lëtzebuerg menge mer, mir wiere méi gescheit a wieren eis géint d'Gentechnik", dat seet den LSAP-Politiker an Europadeputéierte Robert Goebbels.
Hie setzt sech an engem oppene Bréif ("Die Genetik der Dummheit") un déi national Politiker fir OGMen an a mengt, datt d'Mënschheet an Zukunft anescht net méi z'ernähre wär.
12 Millioune Baueren bauen genetesch verännert Planzen un. Si hunn eng besser Recolte a brauche manner Pestiziden. Dat schuet also weder der Ëmwelt nach der Gesondheet, seet de Robert Goebbels.
Trotzdem giff zu Lëtzebuerg dauernd eng negativ Propaganda gemaach ginn. Lëtzebuerg an Europa missten also hir Haltung änneren, dat wär an Europa och am gaangen.
De Robert Goebbels setzt sech op alle Fall fir d'Gentechnik an, well en entsat ass, zu Lëtzebuerg nëmmen Dommheeten iwwer d'Gentechnik ze liesen, wéi hie seet. Eist Land giff sech op d'Säit vun den Domme schloen an dobäi hätt Lëtzebuerg am Beräich vun der Biotechnologie vill Méiglechkeeten.

Äre Commentaire