Rentrees-Interview: LSAP-Parteipresident Alex Bodry
RTL - 06.09.2010, 07:44 | Fir d'lescht aktualiséiert: 19.11.2010, 10:42 | 1 Commentaire(n)
Rentrées-Interview: Den Optakt mécht de Parteipresident vun der LSAP Alex Bodry, deen a puncto Index keen direkten Handlungsbedarf gesäit.

Am Virfeld vum waarmen Hierscht, deen dem Land vun alle Säite virausgesot gëtt, huet RTL-Radio Lëtzebuerg mat de Presidente vun de politesche Parteie geschwat, déi an der Chamber vertruede sinn.
Wéi gesinn si d'Entwécklung an de nächste Méint? Wat muss geschéien? Den Optakt mécht den LSAP-Chef Alex Bodry.

Koalitioun CSV-LSAP
Den Député-Maire vun Diddeleng bréngt näischt esou séier aus der Rou. Och net di leschte Méint, wou et alt gekraacht huet an der Koalitioun mat de Chrëschtlechsozialen. Ma d'Sozialiste wëllen och an Zukunft hirem Wahlprogramm an hire Grondwäerter trei bleiwen, ënnersträicht den Alex Bodry.
Alex Bodry: D'LSAP ass prett, fir hir Responsabilitéit an der Majoritéit z'iwwerhuelen. D'CSV muss deselweschte Wëllen opbréngen. Wann dat de Fall ass, da packe mer et. Wann net, da muss de Constat gemaach ginn, dat et net ka sou weidergoen. Ech géif awer dovunner ausgoen, datt de Wëllen do ass, fir d'Reformen zesummen unzegoen.
An duerfir wënscht sech den Alex Bodry och, datt Jidderee weess, wou e mat deem aneren drun ass. Dat hätt nämmlech an der Lescht gefeelt bei der CSV.
Alex Bodry: Et muss ee sech op Aussoe no baussen kënne verloossen. Wann een net méi weess, ween déi offiziell Positioun vun der CSV vertrëtt, da gëtt et méi schwéier. Déi Crëschtlech-Sozial mussen hire Gewerkschaftsfliggel an d'Rei kréien.

Index
Wat dann di detailléiert Berechnunge vum Statec a puncto Lounindex betrëfft, wëll den Alex Bodry mol ofwaarde bis iwwerhaapt d'Parametere fixéiert sinn, wéini dann di rout Luucht ugeet... wéini iwwerhaapt muss moduléiert ginn. Den Ament geséich et jo no engem Wuesstem vun 2,5 bis 3 Prozent aus, mat enger relativ moderater Inflatioun.
Alex Bodry: Et gëtt keen zwéngende Grond, fir direkt ze handelen. Wann déi nächst Index-Tranche réischt Uganks 2012 erfält, sou wéi de Statec dat mol gesot huet, steet keen akuten Handlungsbedarf. Eis Wirtschaft misst déi Charge kënnen verquëssen.
Avortement
Gutt verquësst huet d'LSAP den Avis an di formell Oppositioun vum Staatsrot zum Avortementsgesetz . Do muss elo nogebessert gi, fuerdert den Alex Bodry: Nämmlecht Rechter fir EU-Biergerinnen an d'Selbstbestëmmung vun der Fra kloer an d'Gesetz aschreiwen. An och beim Sträitpunkt Berodung misst e Kompromëss méiglech sinn.
Tripartite
De waarmen Hierscht elo kéint jo duerch eng nei Tripartite dominéiert ginn, wann et dann iwwerhaapt duerzou kënnt. Quitte, datt den Alex Bodry sech wënscht, datt den Dialog weider geet.
Alex Bodry: Et wäert ganz schwiereg ginn. Wann ee vun den Aussoe vun alle Partien vu virun der Vakanz ausgeet, ass et schwéier sech fir d'Tripartite eng aner Positioun virzestellen, wéi nach virun e puer Méint.
Bis d'Enn vum Joer sti nach wichteg europäesch Dossieren um 'Ordre du jour' vum Parlament. Ma och Strukturreforme, wéi déi vun der 'Unfall'-Versécherung, vum Gesondheets- a vum Renten- a Pensiounswiesen. Esou vill Aarbecht an därmoosse kuerzer Zäit huet et nach bal ni gi, fënnt den Alex Bodry.
AUDIO: De Reportage op RTL Radio Lëtzebuerg »


Äre Commentaire