Lokales: Fra erstach bei Familljesträit zu Esch e Mëttwoch

RTL - 01.09.2010, 18:00 | Fir d'lescht aktualiséiert: 01.09.2010, 18:05

Lokales: Zu Esch ass e Mëttwochmëtteg eng Fra erstach ginn. Géint 16 Auer war an der Rue Michel Rodange e Familljesträit eskaléiert.

E Mann huet dobäi eng aner Persoun mat engem Messer blesséiert. Wéi et schéngt war et eng Koppel, déi matenee gestridden huet.

Wéi d'Police op d'Plaz koum, war d'Fra schwéier blesséiert an koum mam Samu an d'Spidol. Si ass kuerz duerno un hiren Blessuren gestuerwen. De presuméierten Täter gouf vun der Police verhaft.