Staatsbudget: Optakt vun de Beichtstullgespréicher

RTL - 02.09.2010, 08:01 | Fir d'lescht aktualiséiert: 02.09.2010, 14:40 | 23 Commentaire(n)

De Finanzminister Luc Frieden fänkt en vue vum Depot vum Staatsbudget fir dat anert Joer de 5.Oktober mat senge sougenannte Beichtsstullgespréicher un.

An deene Gespréicher defiléiert ee Minister nom anerem beim CSV-Politiker. An de Luc Frieden dierft wuel méi dacks "Nee" soen, wéi ëm léif ass, mengt d'Wort.


De Kader vum Staatsbudget steet zanter der Ried zur Lag vun der Natioun. D'CSV-LSAP Regierung hält un hirem Spuerpak fest. Bis d'Enn vun dëser Legislaturperiod soll de Staatsbudget nees am Equiliber sinn. Fir dat anert Joer geet d'Regierung vun engem Defizit tëscht 2 an 2,8% vum PIB aus.


Äre Commentaire


D'Commentairer gi gelueden, ee Moment w.e.g.!