Lokales: Automobilistin mat 151 amplaz 70 km/h ënnerwee

RTL - 02.09.2010, 11:25 | Fir d'lescht aktualiséiert: 03.09.2010, 09:51

Lokales: Net nëmmen d'Männer sinn emol ze séier ënnerwee oder hunn zevill gedronk. Um Mëttwoch goufen 2 Fraen ugehal, déi de Führerschäin lo lass sinn.

D'Police gouf um Mëttwochowend driwwer informéiert, datt op der Areler Autobunn, op der Héicht vu Capellen, en Won ënnerwee war, deen d'Riicht net behal huet.

D'Police huet den Auto relativ séier fonnt a bei der Kontroll huet se festgestallt, datt d'Fra hannert dem Steierrad wuel net ganz erniichter war.

Den Alkoholtest war positiv an de Führerschäin ass dowéinst bis op weideres fort.

Um Waldhaff gouf bei enger Vitessekontroll en Auto geblëtzt, dee mat 151 gerannt ass, wou 70 erlaabt war.

D'Police huet sech mat bloer Luucht an Sireen hannendru gemeet a kuerz drop déi presséiert Automobilistin gestoppt.

Hire Führerschäin gouf agezunn.

Op der Areler Strooss an der Stad hunn d'Beamten tëschent 01h20 an 02h45 Kontrolle gemeet.

Si hunn een Automobilist ugehal, dee mat 99 ënnerwee war...an och nach ze vill gedronk hat. Hie fiert wahrscheinlech elo mol eng Zäit Zäit lang net selwer a gouf protokolléiert. 

Da gouf et nach en zweeten Délit de grande Vitesse. E Chauffeur war mat 88 Ënnerwee...och an dësem Fall gouf et e Protokoll. 

D'Police huet e Mëttwoch 6 mol 145 Euro a 4 Punkte kasséiert.