Lokales: Déidlechen Accident en Donneschdeg op A1

RTL - 02.09.2010, 11:29 | Fir d'lescht aktualiséiert: 03.09.2010, 08:22

Lokales: Ee 59 Joer ale Mann vu Monnerech huet den Accident en Donneschdeg op der A1 tëscht dem Gaasprecher Kräiz an dem Tunnel Houwald net iwwerlieft.

© Paul Fischer
E Camion war am Hesper Tunnel op der rietser Spuer ënnerwee, wéi en opeemol en Opprall u sengem Unhänger gespuert huet. En Auto war mat der Fuerersäit an hie gerannt. E weideren Auto gouf mat an den Accident verwéckelt.

Eischten Ermëttlungen no huet ee vun den 2 Chaufferen d'Kontroll iwwert säi Gefier verluer, an huet déi Kettereaktioun ausgeléist. De Chauffer vum Auto deen an de Camion gerannt ass, sollt seng Blessen net iwwerliewen, d'Bäifuererin gouf liicht blesséiert. De Chauffer aus dem zweeten Auto gouf och jüst liicht blesséiert.

Foto: Paul Fischer


Op der Plaz waren d'Pompjeeën vun Hesper, de SAMU, d'Beruffspompjeeën an d'Police. De Verkéier huet mussen op d'Niewespuer ëmgeleed ginn.

D'Police freet am Zesummenhang mat dësem Accident no eventuellen Zeien, déi gesinn hunn, wéi et zum Accident konnt kommen. Zeie solle sech w.e.g. um Telefon 4997-4500 mellen.

Foto: Paul Fischer


Schroen Accident op der A1 (02.09.2010)
112: Bei der Kollisioun vun 3 Autoen um 10.24 Auer op der A1 tëscht dem Gaasprecher Kräiz an dem Tunnel Houwald ass eng Persoun schwéier verwonnt ginn.