Integration durch Austausch: IdA Programm och zu Lëtzebuerg

RTL - 02.09.2010, 11:42 | Fir d'lescht aktualiséiert: 02.09.2010, 12:19

"Integration durch Austausch": Zenter Enn 2009 gëtt et och den IdA Saar-Lux Programm, dee sech speziell op d'Groussregioun konzentréiert.

"Integration durch Austausch", kuerz IdA, daat ass en däitsche Bundesprogramm, deen ënner anerem vum europäesche Sozialfong finanzéiert gëtt. Duerch dëse Programm solle virun allem benodeelegt Gruppe vu Leit iwwert Auslandsopenthalter d'Méiglechkeet kréien, hier berufflech Positioun ze verbesseren.

Vue datt d'Aarbechtslosegkeet am Saarland momentan tëscht 6 an 8 % läit, gëtt et zenter Enn 2009 elo och den IdA Saar-Lux Programm,  dee sech, wéi den Numm et scho seet,  speziell op d'Groussregioun konzentréiert.

Lëtzebuerg gëllt an der Groussregioun als Motor vun der wirtschaftlecher Entwécklung an dofir ass de Lëtzebuerger Aarbechtsmaart besonnesch interessant. Bei dësem Programm kënne souwuel Akademiker wéi och Leit, déi 3 Joer eng Léier an Däitschland gemaach hu matmaachen, sou de Responsable vum IdA Saar-Lux Programm Dr Hermann Schönmeier, deen den Oflaf vum Programm erkläert.

Et gëtt eng Virbereedungszäit vun 3 Méint wou déi franséisch oder déi Lëtzebuerg Sprooch intensiv geléiert gëtt. Zu Housen befaassen sech déi Leit, déi beim Lëtzebuerger Programm matmaachen, fir 2 Woche mat der Lëtzebuerger Sprooch an och mam Ëmfeld.

Dono oder paralell dozou gëtt eng passend Plaz fir e Stage gesicht an do gëtt mat zwee Partner zesummegeschafft.

D'IdA schafft do vill mat der chrëschtlescher Erwuessennebildung. D'CEB schafft schonn zenter Joren drun fir Leit mat der Lëtzebuerger Sprooch auszebilden an huet eng ganz Partie Kontakter mat Firmaen déi zu Lëtzebuerg baséiert sinn.
Aus méi strategesche Grënn schafft d'IdA awer och mat der Uni Lëtzebuerg.

Duerch d'Kris ass d'Nofro fir Stagiairen däitlech zréckgaangen, sou den Dr Hermann Schönmeier, mä si mierken awer och dat d'Konjunktur nees lues a lues unzitt.

Schwéier wier et virun allem d'Akademiker ze placéieren an dofir den Opruff fir an dem Beräich nach eng Rei Stageplazen ze fannen.

Eng 50 Leit si momentan am Programm drann an an der Moyenne fënnt d'Hallschent dovunner dono eng fest Aarbechtsplaz. Dat ass awer net nëmmen op de Stage zréckzeféieren, sou den Dr Hermann Schönmeier,  mee och doropper, dass d'Leit och psychologesch ënnerstëtzt ginn a sech esou méi selbstsécher um Aarbeechtsmaart presentéieren.