SES-Astra: 3D-Tëlee mat manner techneschem Opwand
RTL - 02.09.2010, 12:19 | Fir d'lescht aktualiséiert: 02.09.2010, 18:49 | 16 Commentaire(n)
D'SES-Astra huet eng Initiative lancéiert, déi et erméigleche soll, mat wéineg techneschem Opwand doheem dräidimensional Tëlee kënnen ze kucken.

Am Kino ass den "3D" mëttlerweil zur Normalitéit ginn an et wäert net méi laang daueren, bis een doheem am Canapé vun der 3D-Technologie profitéiere kann.
Den Operateur vu Betzder huet sech mat de wichtegen europäesche Chaînen op e Standard gëeenegt. Et brauch ee fir den Empfank vun 3D iwwer Satelitt keng nei HDTV-Set-Up-Box. Da bräicht de Konsument, keng nei Set-Up-Box ze kafen, sou den Thomas Wrede vun der SES-Astra, wann en da schonn eng huet. Dat heescht fir 3D-Tëlee kënnen ze kucken, ass "nëmmen" nach e kompatibelen Tëlees-Apparat aus der mëttlerer bis héijer Präis-Kategorie néideg.
Grad ewéi am Kino wäert een iwwregens och doheem een "3D-Brëll" fir déi nei Technologie brauchen. Déi éischt Pay-TV Sender fänken am Hierscht un vereenzelt Programmer am "3D" ze diffuséieren; ma bis all d'Sender regelméisseg am "Dräidimensionalen" senden, wäert wuel nach e bëssen Zäit vergoen.


Äre Commentaire