Tunnel Houwald: Aarbechte lafe wéi geplangt, sou P&Ch
RTL - 02.09.2010, 15:10 | Fir d'lescht aktualiséiert: 03.09.2010, 09:51 | 1 Commentaire(n)
D'Aarbechten am Tunnel Houwald op der Tréierer Autobunn lafe wéi geplangt. D'Ponts et Chaussées erwaarden, datt deen een Tube dëser Deeg fäerdeg gëtt.

Mat Hëllef vun der Police – dat ass eng léif Manéier fir ze soen, datt d’Police vill kontrolléiert a vill geknipst huet.
Reduzéiert Vitesse op déi Manéier konnten och gréisser Accidenter evitéiert ginn, tant mieux, well soss hätt wuel heiandsdo dat halleft Land gestan. Et wier nëmmen een Accident ganz am Ufank gewiescht, dee bannent enger Stonn geregelt war.

Am Tunnel Houwald geet et elo esou weider: An de nächsten Deeg ginn Tester gemaach, ob am renovéierten Tunnel alles, also an der Haaptsaach d'Elektronik, gutt fonctionnéiert an den iwwernächste Weekend gëtt dann de Chantier am aneren Tube ageriicht.


Äre Commentaire