BNP Real Estate: Taux de Vacance bei Bürosgebaier héich

RTL - 02.09.2010, 18:19 | Fir d'lescht aktualiséiert: 03.09.2010, 09:02

BNP Paribas Real Estate: Et gesäit net wierklech gutt aus um Marché vun de Bürosgebaier zu Lëtzebuerg. Et stoungen nach ni souvill Gebaier eidel.

Lëtzebuerg kënnt aus enger Rezessioun, mä d'Economie ass amgaangen sech ze erhuelen. Dat weisen déi aktuell Chifferen. Nach net richteg ukomm ass déi wirtschaftlech Erhuelung awer am Secteur vun de Bürosgebaier. Et sti vill Surfacen eidel an d'Investissementer loossen op sech waarden. Méiglech Explicatiounen an d'Aussiicht op besser Zäite gouf et en Donenschdeg op enger Pressekonferenz.

D'BNP Paribas REAL ESTATE hat invitéiert. Dat ass mat ronn 30 Prozent dee gréissten Acteur hei am Land am Beräich vun de Bürosgebaier. An bei där Entreprise dréint et zanter enger Zäit e gutt Stéck méi lues, seet den Chef vun BNP Paribas RE, de Michel Heyse.

Wat d'Zuel vun den Transaktioune betrëfft, huet BNP Paribas REAL ESTATE fir dat éischt Trimester dëtt Joer ähnlech Resultater, wéi an der nämmlechter Period 2009. An dat war matten an der Kris. Och net immens gesäit et dann an de Bürosgebaier selwer aus. An enger ganzer Partie bleiwen d'Luuchten nämlech all Dag aus. Den Taux de Vacance ass exzeptionell héich, fir de Michel Heyse awer keng Ursaach fir ze panikéieren.

Am Verglach mat anere groussen europäesche Stied sinn d'Präisser hei stabel. Dat war an de leschte Joren en Nodeel, well zum Beispill zu London d'Präisser extrem gefall waren. Elo gëtt et awer Hoffnung op besser Zäiten. Méi héich Immobiliepräisser zu London sinn also gutt fir Lëtzebuerg. Dat ass da Globaliséierung.


Marché vu Bürosgebaier leeft net optimal. (02.09.2010)
BGL Paribas Real Estate presentéiert de Bilan vum 1. Semester 2010.