Dexia: Weider 700 bis 800 Aarbechtsplazen stinn um Spill?
RTL - 03.09.2010, 07:30 | Fir d'lescht aktualiséiert: 03.09.2010, 11:59 | 17 Commentaire(n)
Bei der Dexia stinn Informatioun vum belsche Standaard an Het Nieuwsblad nach emol tëscht 700 an 800 Aarbechtsplazen um Spill. D'Aleba geet vu manner aus.

Eng Confirmatioun oder den Detail wou, wéi vill Plazen ewech falen, war e Freideg net ze kréien. Et gesäit awer duerno aus, wéi wann et der éischter manner wieren an wéi wa Lëtzebuerg net staark betraff wier.
Dat jiddefalls héiert een aus Gewerkschaftskreeser. Obschonns ee sech grad, wéi bei Dexia selwer, och bei der Aleba éischter bedeckt hält.Déi Responsabel vun der Gewerkschaft aus dem Bankesecteur verweisen op den 10. September. Do kënnt nämlech de Verwaltungsrot vun Dexia zu Bréissel beieneen an eréischt duerno, nämmlech de 15.September, ginn et offiziell Donnéeën.
Dat wat déi belsch Press gemellt hätt, also 700 bis 800 Plaze kéim der Gewerkschaft dann awer zimlech vill vir. Bei der Aleba geet ee vu manner aus, a wat Lëtzebuerg betrëfft, dierft et nëmmen e klengen Deel sinn. En plus wier een am Grand-Duché och éischter op fräiwëlleg Departen aus.
Präzis an offiziell ass dat wéi gesot net. Offiziell ass awer, dat bei Dexia en "plan de transformation" besteet. Am Accord mat der EU-Kommissioun, muss d'Bank ënnert anerem hire Profil de Risque erofsetzen a verschidden Engagementer opginn. Da muss d'Dexia awer och de Rimm méi enk zéien. Et ass virgesinn, datt 600 Milliounen Euro agespuert ginn. Ëm 360 Milliounen ass een an der Tëscht méi kuerz getrëppelt. Dat goung och iwwert Personalofbau Eng 1.500 Plaze sinn an de leschten 2 Joer ewech gefall. De Restrukturéierungsplang geet nach iwwert déi nächst 3 Joer, a gesäit vir, datt bis Enn 2011 nach 240 Milliounen agespuert ginn. Dat geet iwwer verschidde Weeër, datt awer nach weider Plazen ofgebaut ginn, schéngt evident.
Méi wësse mer dann awer eréischt, wéi gesot, nom 10. September.


Äre Commentaire